arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Berlin a Mecklenburg-Vorpommern hu gewielt: Eng Analys
Wat bedeiten d'Resultater vun deene Wale fir déi zwee Bundesländer? A wéi eng Konsequenze kéinte se um nationale Plang kréien? D'Analys vum 100,7-Korrespondent Matthias Kirsch.
Tour de Luxembourg: E Bilan no 5 Deeg Course
De Pit Beffort wërft e Bléck zeréck op déi lescht 5 Deeg Course.
Ëmgang mat Dronen: "Et gëtt méi Equipement a Formatioun gebraucht"
De Manuel Atug ass Grënner a Spriecher vun der däitscher AG Kritis. Hie gesäit nach vill Loft no uewe wat d'Detektioun vun - an de Schutz virun - Dronen ugeet.
D'Marcy op Besuch am 100,7-Studio
Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin presentéiert den Owend fuschnei Titelen an der éischter Aircheck-Session vun dëser Saison. D'Cally Kerschen huet den Event mat organiséiert.
Kann d'KI dout maachen?
De Francesco Ferrero vum Recherche-Institut LIST reagéiert op alarmistesch Aussoen, déi prominent KI-Fuerscher rezent gemaach hunn.
Zu Lëtzebuerg bleift d'Sich no enger Studentewunneng komplizéiert
Iwwer 7.000 Studente sinn op der uni.lu ageschriwwen. Déi meescht vun hinne brauchen eng Wunneng. Mee wéi gesäit de Marché vun de Studentewunnengen zu Lëtzebuerg aus?
EU-Proposen: Lëtzebuerg begréisst Aschränkungen op soziale Medien
Méi Kontroll, manner Fräiheete fir d'Plattformen: Mir froen d'CSV-Justizministesch Elisabeth Margue wéi realistesch si d'Virschléi vun der Kommissioun aschätzt.
Rentrée an der Chambre de Commerce
Den Thierry Breton fréieren EU-Commissaire fir de Bannemarché a fréiere franséische Minister am Interview
Startschoss fir déi francophone 7e am Jongelycée
De Lampertsbierger Lycée ass eng vun iwwer 30 Schoulen, déi vun der Rentrée un eng franséischsproocheg Septième ubidden. Wat ännert fir d'Proffen a fir d'Schüler:innen?
Kann de Gadi Eisenkot dem Netanjahu säin Nofollger ginn?
En Israel ouni Benjamin Netanjahu kann ee sech bal net virstellen. An awer wielt Israel de 27. Oktober en neit Parlament. An den Ëmfroe besteet et ëm d'Zukunft vum israeelesche Pre
Geet eng reng Schoulflicht bis 18 Joer eleng duer?
D'Schoulflicht gëtt verlängert - wat brauch et nieft der Obligatioun, bis 18 Joer an d'Schoul ze goen, fir ee positiven Impakt op ënnert anerem den Arbechtsmarché ze spieren?
Santé: Relatiounen tëschent Ministesch an AMMD bleiwe ugespaant
Bréngen d'Diskussiounen an de sechs Aarbechtsgruppen iwwer zukünfteg Erausfuerderunge vum Gesondheetssecteur béid Säiten nees beieneen? Froen un d'Martine Deprez.
Méiglech Interessekonflikter um Bau: OAI verlaangt Nobesserungen
De Pierre Hurt, Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-conseils, erkläert, op wéi enge Punkten nei gesetzlech Bestëmmunge misste preziséiert ginn.
Tour de Luxembourg: E wéineg méi ausgeglach wéi an de leschte Joren
De Mëtteg ass um Knuedler an der Stad nees den Depart vum Tour de Luxembourg.
Dréchent: 50 Prozent manner Gromperen, mee d'Assurance kënnt net dofir op
Wéinst der Dréchent ass den Ertrag beim gréisste Lëtzebuerger Grompereproduzent dëst Joer ëm op mannst 50 % zeréckgaangen. Vun den Assurancë gëtt den Ausfall awer net ofgedeckt.
Walrecht vu 16 Joer un: D'Jugendparlament hofft op een neien Debat
D'Jugendparlament fuerdert, datt nach eemol seriö iwwer d'Walrecht vu 16 u geschwat gëtt mam Zil, datt Jonker eventuell schonn 2029 bei de Gemengewale kënne matbestëmmen.
Lag vun der Unioun: Ursula von der Leyen op "Mission impossible"?
D'Erwaardungen un d'Ried zur Lag vun der Unioun si grouss. No de Walen a Sachsen-Anhalt mat der Victoire vun der AfD stellt sech d'Fro, wéi d'EU dorop äntwere soll.