arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Tripartite: d'Reaktioun vum Regierungschef
De Premier Luc Frieden kommentéiert den Accord, op deen d'Regierung sech gëschter zu Senneng mat de Sozialpartner gëeenegt huet.
Editioun 07:15
Eng Tripartite, déi séier ofgeschloss gouf, Fraktiounscheffen op der Rees an een net ganz esou séieren Tram, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Tripartite: d'Reaktioun vum Patronat
De Michel Reckinger, President vum Patronatsverband UEL, kommentéiert den Accord, op deen d'Sozialpartner sech gëschter mat der Regierung gëeenegt hunn.
Enn vum Verlag op der Lay: kee Symptom fir Kris am Buchsecteur
De President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteure Roland Kayser reagéiert op d'Nouvelle, datt de Verlag op der Lay decidéiert huet, opzehalen.
Opstänn no Mordfall a Groussbritannien: Wat stécht dohannert?
Eis Korrespondentin Claire Barthelemy mat Erklärungen
Eemol Minett, ëmmer Minett
D'Leit, déi am Süde vum Land liewe, sinn enk mat der Regioun verwuerzelt. Dat weist e Sondage, deen de Syndikat Pro-Sud an Optrag ginn huet. Säi President Christian Weis reagéiert.
El Niño: Wat bedeit de Klima-Phenomeen fir Lëtzebuerg?
Nächst Joer kéint wéinst dem El Niño ronderëm d'Welt dat wäermst jee ginn, warnt d'Weltmeteo-Organisatioun. Explikatioune vum Meteorolog Luca Mathias.
Editioun 07:15
Knackpunkten an der Tripartite, déck Loft wéinst enger Bëschcrèche an d'Asylfro fir ukrainesch Männer, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Zu Cattenom gëtt den Eeschtfall geüübt
Haut a muer hëlt Lëtzebuerg un engem grousse grenziwwerschreidenden Exercice zur Sécherheet an der Atomzentral Cattenom deel.
Hubert Wurth, fréiere Lëtzebuerger Ambassadeur zu Moskau
Wéi eng Perspektive gesäit hie fir de Krich an der Ukrain op en Enn ze bréngen? A wéi eng Roll kann d'Diplomatie dobäi spillen?
Lëtzebuerg-Italien: d'Analys vum Roland Schaack
Den 100,7-Consultant analyséiert de Frëndschaftslännermatch vu gëschter Owend am Stade de Luxembourg.
Editioun 07:15
Knackpunkten an der Tripartite an ze wéineg offensiv géint Italien, dat sinn d'Theemen an der Presserevue
Wéi den Aschoulungsalter déi ganz schoulesch Karriär ka beaflossen
Eng nei Etude vum LISER kënnt zur Conclusioun, datt de Gebuertsmount e groussen Impakt kann hunn op d'Warscheinlechkeet, op e Kand e Schouljoer muss widderhuelen oder net.
Fiert geschwënn erëm en ICE iwwer Tréier?
Dat ass eng vun de Froen, déi mir dem Gordon Schnieder gestallt hunn. Den CDU-Politiker ass neie Ministerpresident vu Rheinland-Pfalz.
Nei Return Hubs: D'EU verschäerft hir Migratiounspolitik weider
Eis Korrespondentin Agathe Cherki erkläert, wat geplangt ass.
Editioun 08:15
Gutt Stëmmung an der Tripartite, en interessante Match géint Italien a keng Virfreed op d'WM, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Muselregioun: Kulturhaaptstad 2035?
De Schengener (Oppositiouns-)Conseiller Tom Bellion huet d'Iddi gëschter am Schengener Gemengerot thematiséiert. Wéi war den Echo?
Georges Engel, Co-Parteipresident vun der LSAP
D'Gewerkschafte fuerderen, datt si an Zukunft iwwer d'Sozialpolitik vum Land kënne matdecidéieren. Wat halen d'Sozialiste vun där Propos?