arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Moiesstudio

Episoden

Trotz Wafferou: D'Leit an der Gazasträif sti virun engem haarde Wanter | © Anonym

Trotz Wafferou: D'Leit an der Gazasträif sti virun engem haarde Wanter

Eise Korrespondent Leonardo Kahn mat engem Abléck an d'Alldagsliewen vun dem vum Krich gezeechente palästinenseschen Territoire.
headphones

6 min

play_arrow
Wat gëtt aus dem Dikrecher Brautuerm? | © Maurice Molitor

Wat gëtt aus dem Dikrecher Brautuerm?

Den Yves Claude mécht sech staark fir den Erhalt vun deem Gebai am Bauhaus-Stil. Am Kader vun de Journées européennes du patrimoine wëll hie sensibiliséieren.
headphones

13 min

play_arrow
Dréchent op Mauritius: "Et dréit een de Krunn op, an et kënnt näischt" | © picture alliance / Russian Look | Maksim Konstantinov

Dréchent op Mauritius: "Et dréit een de Krunn op, an et kënnt näischt"

Hei am Land ginn et, trotz ganz dréchene leschte Méint, bis elo keng Enkpäss beim Dréckwaasser. Op Mauritius ass dat anescht. Eng Lëtzebuergerin erzielt, wéi dat sech ufillt.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 8:15

Soll d'Regierung d'Subventioun op de Petrolspräisser weiderféieren oder net? An: ass "Resilienz" elo wuel dat neit Moudewuert? Dat si weider Theemen an der Press vun haut.
headphones

5 min

play_arrow
Sanktioune géint Israel: Gëtt et Sträit an der Lëtzebuerger Regierung? | © Jo Diseviscourt

Sanktioune géint Israel: Gëtt et Sträit an der Lëtzebuerger Regierung?

DP ass dofir datt Wueren aus illegal besaten Territoiren am Westjordanland net méi däerfen op Lëtzebuerg importéiert ginn. Wëllt d'CSV dat blockéieren? Mir froen de Fraktiounschef.
headphones

6 min

play_arrow
Dr Claude Braun, President vu Luxembourg Transplant | © Ana Angel

Dr Claude Braun, President vu Luxembourg Transplant

Am Virfeld vum internationalen Dag vun den Organspenden maache mir de Point zu der Situatioun zu Lëtzebuerg. 2025 goufen nëmmen zwee Spender hei am Land registréiert
headphones

15 min

play_arrow
Jeunesse Esch saiséiert Ethikkommissioun | © Jo Welfringer

Jeunesse Esch saiséiert Ethikkommissioun

An der Affär ëm de Spiller, deen aus reliéise Grënn refuséiert huet, weiblech Supporteren ofzeklappen, freet de Veräin elo en onofhängegen Avis. De President Marc Theisen erkläert.
headphones

9 min

play_arrow

Editioun 7:15

Ontransparenz bei Télétravail an Home Office beim Staat, "Resilient" als neit Moudewuert, an Onkloerheeten bei de Reglementer tëschent der AMMD an der CNS - Sujeten vun haut.
headphones

6 min

play_arrow
EU-Budget: Wéi kann de Knuet opgemaach ginn? | © picture alliance / NurPhoto | Daniel Gnap

EU-Budget: Wéi kann de Knuet opgemaach ginn?

Nom leschte Komporomëss-Virschlag sinn d'Säiten bal méi wäit ausenee wéi virdrun. Kann de Conseilspresident António Costa op dësem EU-Sommet de Knuet léisen?
headphones

8 min

play_arrow
Feierbakterien a Wéngerten: Regierung versprécht Kompensatiounen | © Radio 100,7

Feierbakterien a Wéngerten: Regierung versprécht Kompensatiounen

Wat ass geplangt fir betraffe Wënzer ze entschiedegen an eng weider Verbreedung vun de Bakterien ze verhënneren? Froen un d'Wäibauministesch Martine Hansen.
headphones

8 min

play_arrow
Bakteriebefall beonrouegt d'Wënzer | © Bigstock / david martyn

Bakteriebefall beonrouegt d'Wënzer

D'Nouvelle vun der Präsenz vu Feierbakterien a verschiddene Wéngerten huet de President vum Wënzerverband Paul Funck komplett iwwerrascht. A se mecht him Suergen.
headphones

10 min

play_arrow

Editioun 08:15

D'Roll vum Sport am Staatsbudget an d'Studenteprotester a Frankräich - dat si weider Theemen an der Press vun haut.
headphones

5 min

play_arrow
Soll Lëtzebuerg selwer Sanktioune géint Israel huelen? | © Jo Diseviscourt

Soll Lëtzebuerg selwer Sanktioune géint Israel huelen?

D'LSAP, déi gréng an déi Lénk soe Lëtzebuerg soll net méi op aner EU-Länner waarde fir ze handelen. Mee wéi steet d'DP dozou? Mir froen hiren aussepolitesche Spriecher Gusty Graas.
headphones

9 min

play_arrow
Alexandra Schoos, ADR-Parteipresidentin | © Radio 100,7

Alexandra Schoos, ADR-Parteipresidentin

Bei der Sonndesfro vun Ilres am Optrag vum Lëtzebuerger Wort an RTL schneit d’ADR esou gutt of ewéi nach ni. Wouru mécht d’Partei deen Erfolleg fest?
headphones

11 min

play_arrow
Mc-collection.lu: Eng nei Online-Gallerie fir Lëtzebuerger Konscht

Mc-collection.lu: Eng nei Online-Gallerie fir Lëtzebuerger Konscht

Mir hunn nogefrot, wéi eng Wierker do ausgestallt ginn.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Eng méiglech Faillite vum Betrib "Salaisons Meyer" an der Tilly Metz hir Kandidatur als Vizepresidentin vum Europaparlament - dat si Sujeten an den Zeitungen vun haut.
headphones

5 min

play_arrow
Nei am Kino: Des Filmer lafen haut un

Nei am Kino: Des Filmer lafen haut un

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
headphones

5 min

play_arrow
Resistenzmusée: Nei Directrice, identeschen Optrag | © Fondation Musée National de la Résistance et des Droits Humains

Resistenzmusée: Nei Directrice, identeschen Optrag

Den 1. Oktober huet d'Elisabeth Hoffmann de Frank Schroeder un der Spëtzt vum Musée national de la Résistance et des Droits Humains ofgeléist.
headphones

14 min

play_arrow
Geet de Schülerprotester a Frankräich d'Loft aus? | © EPA/FIRAS ABDULLAH

Geet de Schülerprotester a Frankräich d'Loft aus?

Mir froen eise Korrespondent Max Tholl.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Duelem huet als eenzeg Gemeng nach kee PAG, an zu Esch waarde Keefer op hir Wunnengen am Projet "L'Adresse" - dat si weider Theemen an den Zeitunge vun haut.
headphones

6 min

play_arrow