An der deemoleger UdSSR ass de 26.04.1986 bei engem Test e Reakter explodéiert. Et kënnt zur Kernschmelze. Och no Fukushima 2011 bleift d’Ongléck vun Tschernobyl bis haut déi gréissten Atomkatastroph, déi jee geschitt ass. D’Atomkraaftwierk läit ronn 130 km nërdlech vu Kiew - an der haiteger Ukrain. D’Areal bleift och haut, 40 Joer no der Katastroph, onbewunnbar.
Wéi gesäit et haut um Site aus a wéi en Impakt hat an huet de russeschen Invasiounskrich an der Ukrain, doriwwer schwätze mir mat der Pauline Boyer vu Greenpeace Frankräich.