arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Rejko Krüger, Neurolog am Luxembourg Centre for Systems Biomedic
Um Weltalzheimerdag froe mir de Spezialist fir neurodegenerativ Krankheeten, wéi déi nei KI-baséiert Diagnos-Outile fonctionéieren, an ob Chatbots d'Gehierfitess beaflossen.
Ëmgang mat Dronen: "Et gëtt méi Equipement a Formatioun gebraucht"
De Manuel Atug ass Grënner a Spriecher vun der däitscher AG Kritis. Hie gesäit nach vill Loft no uewe wat d'Detektioun vun - an de Schutz virun - Dronen ugeet.
Editioun 07:15
D'Zeitunge kritiséieren, wéi d'Regierung mat den Drone-Virfäll um Findel ëmgaangen ass a wéi se kommunikéiert huet, Fazit: Lëtzebuerg ass onpreparéiert bei Dronenofwier
De Bléck an d'Zeitungen
Dronen am Lëtzebuerger Himmel: d'Presse kritiséiert d'Regierung fir eng weider schlecht Krisekommunikatioun
D'Marcy op Besuch am 100,7-Studio
Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin presentéiert den Owend fuschnei Titelen an der éischter Aircheck-Session vun dëser Saison. D'Cally Kerschen huet den Event mat organiséiert.
Kann d'KI dout maachen?
De Francesco Ferrero vum Recherche-Institut LIST reagéiert op alarmistesch Aussoen, déi prominent KI-Fuerscher rezent gemaach hunn.
Zu Lëtzebuerg bleift d'Sich no enger Studentewunneng komplizéiert
Iwwer 7.000 Studente sinn op der uni.lu ageschriwwen. Déi meescht vun hinne brauchen eng Wunneng. Mee wéi gesäit de Marché vun de Studentewunnengen zu Lëtzebuerg aus?
EU-Proposen: Lëtzebuerg begréisst Aschränkungen op soziale Medien
Méi Kontroll, manner Fräiheete fir d'Plattformen: Mir froen d'CSV-Justizministesch Elisabeth Margue wéi realistesch si d'Virschléi vun der Kommissioun aschätzt.
Carla Carvalho, Presidentin vun der nationaler Elterevertriedung
No de schlechte PISA-Resultater huet den Educatiounsminister ënner anerem d'Elteren an d'Flicht geholl. Wéi gesinn déi Concernéiert dat?
Rentrée an der Chambre de Commerce
Den Thierry Breton fréieren EU-Commissaire fir de Bannemarché a fréiere franséische Minister am Interview
Editioun 07:15
Iwwerléungen zum Rietsextremismus, eng mise au point an eng geféierlech Velospist, dat sinn d'Themen an der Presserevue
Startschoss fir déi francophone 7e am Jongelycée
De Lampertsbierger Lycée ass eng vun iwwer 30 Schoulen, déi vun der Rentrée un eng franséischsproocheg Septième ubidden. Wat ännert fir d'Proffen a fir d'Schüler:innen?
Kann de Gadi Eisenkot dem Netanjahu säin Nofollger ginn?
En Israel ouni Benjamin Netanjahu kann ee sech bal net virstellen. An awer wielt Israel de 27. Oktober en neit Parlament. An den Ëmfroe besteet et ëm d'Zukunft vum israeelesche Pre
Editioun 08:15
Sexualiséiert Duerstellung am Sport, eng EU-Kommissiounspresidentin, déi net alles seet, a geparkte Schüler: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Geet eng reng Schoulflicht bis 18 Joer eleng duer?
D'Schoulflicht gëtt verlängert - wat brauch et nieft der Obligatioun, bis 18 Joer an d'Schoul ze goen, fir ee positiven Impakt op ënnert anerem den Arbechtsmarché ze spieren?
Franz Fayot, LSAP-Députéierten
D'LSAP gesäit déi geplangt Steierreform kritesch. Mir froe no firwat.