arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Alpinismus: Wann aus dem Hobby de Beruff gëtt
De Lëtzebuerger André Costa ass amgaangen an Éisträich déi héich cotéiert IFMGA-Ausbildung als Biergguide ze maachen.
Sexuell Gesondheet: Wéi eng Defie ginn et nach hei am Land?
D'Santé huet dës Woch d'Resultater vun der éischter nationaler Ëmfro iwwer déi sexuell Gesondheet presentéiert. Mir froen no, wéi eng Conclusiounen doraus gezu ginn.
Editioun 08:15
Eng verfeelte Klimapolitik, e Politmonitor mat bossege Resultater an e Spidolsprojet, dee Froen opwerft, dat sinn d'Theemen an der Presserevue
Ass eng Klimaanlag wierklech dat bescht Mëttel fir sech doheem ofzekillen?
Mir froen den Direkter vun der Klimaagence, de Fenn Faber.
Gusty Graas, DP-Deputéierten
Nom NATO-Sommet zu Ankara: Froen un de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun.
Messi, Ronaldo a Co. soen der gréisster Fussballbün Äddi
En Iwwerbléck iwwer Fussballstaren, déi bei der Weltmeeschterschaft 2026 warscheinlech hire leschte groussen Optrëtt haten.
Editioun 07:15
Eng verfeelte Klimapolitik, e Politmonitor mat bossege Resultater an e Spidolsprojet, dee Froen opwerft, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Champions-League-Quali: FC Atert Biissen hat säin 1. europäeschen Optrëtt
Mir schwätzen nom éischte Qualifikatiounsmatch op de Färöer Insele mam Biisser Buergermeeschter David Viaggi.
42 km biergop a biergof
D'Lëtzebuergerin Michèle Hilger huet virun 10 Deeg de Marathon du Mont-Blanc an hirer Alterskategorie gewonn. Et wär keen Exploit, éischter eng Aventure, seet si.
Editioun 8:15
De Politmonitor, Lëtzebuerger Ministeren um NATO-Sommet, manner Ozon-Alarm an de Sozialkonflikt beim TICE: dat si Theemen an der nationaler Press vun haut.
Nei Rechter fir Flugpassagéier: Wat ännert?
D'Europaparlament gëtt gréng Luucht fir nei Rechter fir Flugpassagéier. D'Verhandlungen doriwwer hu jorelaang gedauert, well d'Memberlänner sech net eens goufen.
Barbara Agostino, DP-Deputéiert
Dierf eng gewielte Politikerin sech fir hir eegen Interessen als Geschäftsfra asetzen? D'Barbara Agostino huet dat gemaach a gouf dofir Partei-intern kritiséiert.
Aus wat bestinn Asteroiden, Koméiten, Meteoren, Planéiten?
D‘Astrophysikerin Kathrin Altwegg, déi viru Kuerzem zu Lëtzebuerg war, ass an der Massen-Spektrometrie spezialiséiert.
Editioun 7:15
De Politmonitor, Lëtzebuerger Ministeren um NATO-Sommet, manner Ozon-Alarm an de Sozialkonflikt beim TICE: dat si Theemen an der nationaler Press vun haut.
Presidentiellen 2027: Wat mécht d'Marine Le Pen?
Nom Appell-Urteel ass kloer: D'Marine Le Pen kéint mat enger elektronescher Foussfessel bei de Presidentschaftswalen 2027 untrieden. Wéi geet hir Partei domat ëm?
EU-Mamme-Partei vun der AfD kéint EU-Fongen a Rechter verléieren
EU-Parlament kéint eng Prozedur lancéieren, déi der riets-extreemer Partei “Europa vun de Souveränen Natiounen” d’Recht entzitt, eng politesch Partei ze sinn an EU-Fongen ze kréien
Joëlle Welfring: Vum Krautmaart op de Kierchbierg
Déi fréier Ëmweltministesch an aktuell gréng Deputéiert huet iwwerraschend hire Réckzuch aus der Politik ugekënnegt. Si kritt en Job bei der Europäescher Investitiounsbank (BEI).