arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Sträit iwwer Kollektivverträg eriwwer?
D’Regierung an d'Sozialpartner goufe sech gëschter iwwer een nationalen Aktiounsplang fir Kollektivverträg eens. Explikatioune vum Aarbechtsminister Marc Spautz
Sonja Ugen, Direktesch vum LUCET
Wéi sinn d'Resultater vun der Etüd iwwer de Projet ALPHA ze verstoen? A firwat koum se esou spéit eraus? Dat froe mir d'Direktesch vum Luxembourg Center for Educational Testing.
Peage op de belschen Autobunnen: D'Lëtzebuerger Regierung ass dogéint
D'Transportministesch Yuriko Backes erkläert am 100,7-Interview, wat d'Regierung elo wëllt maachen, fir datt déi belsch Maut vläicht nach ka verhënnert ginn.
Editioun 07:15
Problemer mat der Dréchent, Responsabilitéite bei Héichwaasserschutz an eng belsch Vignette, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Katy Perry zu Lëtzebuerg: Wat stécht hanner dem Hype?
D'Emma Hizette war de Concert vun der amerikanescher Popstar virun d'Luxexpo kucken.
Miersch, 5 Joer nom Joerhonnert-Héichwaasser
Mir kucke mam Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe op d'Nuecht vum 14. op de 15. Juli zeréck a loossen eis erklären, wat d'Gemeng aus där Katastroph geléiert huet.
Dréche Felder: Wéi grouss sinn d'Ausfäll fir d'Baueren?
Mir froen de President vun der Landwirtschaftskammer, de Christian Hahn.
Editioun 08:15
D'Affär ëm illegal Immigratiounen, eng Aspro fir d'Popularitéit an Adieu les Bleus, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Den Infirmier:ières-Beruff kritt en neie gesetzleche Kader. Wat ännert dat?
Mir froen d'Presidentin vun der Infirmiersassociatioun ANIL, d'Anne-Marie Hanff.
Alexandra Oxaceley, Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss
D'Stëmm feiert haut hir 30 Joer. D'Prekaritéit ass an där Zäit net verschwonnen, am Géigendeel. Wéi huet d'Situatioun an de Profil vun de Concernéierte sech verännert?
Frankräich leit ënner der Dréchent
Eise Korrespondent Max Tholl erkläert, wou den Impakt no dräi Hëtztwelle bannent e puer Wochen am meeschten ze spieren ass.
Editioun 07:15
D'Affär ëm illegal Immigratiounen, eng Aspro fir d'Popularitéit an Adieu les Bleus, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Haut viru 5 Joer stoung d'Land op ville Plazen ënner Waasser
Mir kucken zeréck op dat schlëmmt Héichwaasser vun deemools.
Stad Lëtzebuerg: Begréngung an der Praxis
Wéi geet d'Stad vir, fir elo am Summer déi éischt geplangte Begréngungsprojeten ëmzesetzen? Wat ginn et fir Hürden, déi d'Bierger:innen eventuell net gesinn?
Fokus: Eng kleng Partei wëllt d'Parlament nei beliewen
Mir froen de Fokus-President Marc Ruppert, mat wéi enge Sujete seng Partei d'Wieler:inne bis zu de Chamberwale wëllt iwwerzeegen.
Editioun 8:15
Wéi kontrolléiert den Héichschoulministère gefälschten Diplomer? Ee weidert Theema an der nationaler Press vun haut.
Waarden op de Kran: Zu Schieren ass alles prett fir dat neit Wandrad
Vun August u freet ee sech zu Schieren ganz besonnesch, wann et e bësse bléist: Da gëtt nämlech dat éischt Wandrad an der Gemeng a Betrib geholl.
Claude Meisch, DP-Edukatiounsminister
Am Virfeld vun der grousser Vakanz schwätze mir iwwer déi gemëschte Kriticken um Projet ALPHA, deen am September uleeft. Déi entspriechend Rapporte goufe gëschter publizéiert.