arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Anne Knepper, Kächin mat frëscher Medail vun Nationalfeierdag
Si ass déi éischt Fra, déi den Titel "Jeune cheffe de l'année" vu Gaullt Millau krut, huet och ee Restaurant, ass jonk Mamm a gouf an der Philharmonie ausgezeechent.
Muppe leiden ënner der Hëtzt - Gaasperecher Déierenasyl disponéiert ëm
60 Muppe waarden am Gaasperecher Déierenasyl op eng nei Famill. Well d'Hëtztwell Muppe besonnesch ze schafe mécht, passt d'Personal den Aarbechtsalldag an der Canicule un.
Editioun 8h15
D'Hëtzt hätt Nationalfeierdag net geschuet, den Zeitungen no wier d'Ambiance gutt gewiescht, eng Zeitung awer kritiséiert, datt Freedefeier a Fakelzuch net ofgesot goufen.
Diskussioun ronderëm d'Centre-de-retouren
19 Länner haten um Bord vum Sommet gefuerdert, datt den Opbau vun de Return Hubs sollt mat EU-Sue finanzéiert ginn. Domat ass awer net jiddereen averstanen.
Beryl Koltz, Responsabel fir den Nation Branding
Mam Slogan "Let's make it happen" gëtt Lëtzebuerg zanter 10 Joer heiheem an an der Welt vermaart. Mir froen d'Beryl Koltz, wat d'Campagne bréngt an nach brénge soll.
Wéi laang dauert d'Hëtztwell nach?
Dat froe mir de Meteorolog Luca Mathias. Déi nächst Deeg soll et nach méi waarm gi wéi bis elo. Wat ass dobäi den Ënnerscheed tëschent der tatsächlecher an der gefillter Temperatur
Editioun 7h15
D'Hëtzt hätt Nationalfeierdag net geschuet, den Zeitungen no wier d'Ambiance gutt gewiescht, eng Zeitung awer kritiséiert, datt Freedefeier a Fakelzuch net ofgesot goufen.
Nationalfeierdag Militärparad: A voller Uniform bei iwwer 30 Grad
Déi lescht Preparatioune fir d'Militärparad op Nationalfeierdag ware wéinst der Hëtzt scho Freideg Moie fréi. Um Dag selwer awer sti mir bei iwwer 30 Grad do, esou en Offizéier.
10 Joer Brexit
Wéi huet dat Vereenegte Kinnekräich sech verännert, zënter et net méi Member vun der EU ass? Erklärunge vun eiser London-Korrespondentin Claire Barthelemy
Editioun vun 08:15
Mat ë. a. de Sujete Giischtercher an de Prisongen, e Rack géint Haassried a Post aus Lëtzebuerg fir politesch Prisonéier a Russland
"Feuerwerksmusik" 2026
Den Erny Delosch huet dëst Joer d'Musek fir d'Freedefeier um Virowend vun Nationalfeierdag geschriwwen. Am Interview verzielt hien, wéi hien dobäi virgaangen ass.
Asylpak: wat hätt Lëtzebuerg missten anescht maachen, Noémie Sadler?
An der Suite vum Weltflüchtlingsdag vum 20. Juni schwätze mir mat der Presidentin vun der consultativer Mënscherechtskommissioun CCDH iwwer déi nei Asylreegelen.
Canicule: eng grouss Belaaschtung fir de CGDIS
De Generaldirekter Paul Schroeder erkläert, firwat d'Kombinatioun vu grousser Hëtzt an Nationalfeierdag dem CGDIS vill Suerge maachen.
Editioun vun 07:15
Mat ë. a. de Sujete Giischtercher an de Prisongen, e Rack géint Haassried a Post aus Lëtzebuerg fir politesch Prisonéier a Russland
De Bléck an d'Zeitungen
De Grand-Duc Guillaume an de Gérard Schockmel stinn haut am Fokus vun den Zeitungen.
EU-Budget: Wäit ewech vun engem Accord
Méi oder manner Suen an d'Bréisseler Keess? Den EU-Budget suergt fir schwiereg Diskussiounen ënner de Memberlänner.
Verdachtsfäll vu sexuellem Mëssbrauch: Wéi ginn d'Schoulen domat ëm?
Éier d'Justiz agräife kann, mussen Alarmsignaler erkannt ginn. D'Psychologin Florence Gerges erkläert, wéi Schoulen op Verdachtsfäll reagéieren.