arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Taliban-Meeting zu Bréissel: War Lëtzebuerg derbäi?
Eng Reunioun tëschent Vertrieder:innen aus 15 EU-Länner, der EU-Kommissioun an enger Taliban-Delegatioun suergt fir Kritik. Virun allem am Europaparlament.
emergency.lu a Venezuela
Lëtzebuerg huet seng Satellitte-baséiert Telekommunikatiounsplattform an d'Äerdbiewegebitt geschéckt. De Max Steffen vun deem Dispositif ass sur place a gëtt Erklärungen.
Canicule, Covid, Finanzkris a Co
Wat empfannen d’Leit hei am Land als déi gréisste Risiken a Menacen? Dat wollt d’ILRES am Optrag vun der Regierung an enger nationaler Ëmfro erausfannen.
Editioun 08:15
Lëtzebuerg a säin Ëmgang mat der Hëtzt, de Logement kënnt net virun an d'Lëtzebuerger Press ënner Drock, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Plattformaarbecht: Gesetz um gudde Wee
Gëschter waren eng konstruktiv Sëtzung vum CPTE zum Theema an eng "onproduktiv" Reunioun vun de Gewerkschafte mat Wolt: dozou den David Angel vum OGBL.
Bettina Steinbrügge, MUDAM-Directrice
De MUDAM feiert 20 Joer. Spiert seng Directrice haut nach Nowéie vu senger turbulenter Entsteeungsgeschicht a wéi soll de Musée sech zukünfteg entwéckelen?
Am Mudam gëtt eng Woch laang 20. Gebuertsdag gefeiert
Fräien Entrée plus spezielle Gebuertsdagsprogramm am Pei-Musée
Editioun 07:15
Lëtzebuerg a säin Ëmgang mat der Hëtzt, de Logement kënnt net virun an d'Lëtzebuerger Press ënner Drock, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Mir werfen e Bléck zeréck op d’ Fussball-WM 1994 an den USA
Mat eisem Archivist Gilles Schreurs lauschtere mer eis un, wéi iwwert d’Fussball-WM 1994 um Radio 100,7 bericht gouf.
Wéi en Impakt huet KI op Demokratie?
Dee franséische Journalist Jean-Lou Fourquet fäert: Duerch Recommandatiouns-Algorithme ginn d'Leit ëmmer manner mat anere Meenungen a Perspektive konfrontéiert.
Optakt vun den Open Air Concerte vum Atelier
13 Concerte kann ee wärend den nächsten zwou Woche bei der Luxexpo an an der Abtei Neimënster lauschteren. De Michel Welter vum Atelier gëtt en Abléck an d'Organisatioun.
Andreas Schieder: Wat gëtt vun de Lëtzebuerger Autoritéiten erwaart?
Deen éisträicheschen EU-Deputéierten Andreas Schieder gouf vu besuergte Medievertrieder wéinst dem Verkaf vum Balkan-Reseau "Adria News" mat Sëtz zu Lëtzebuerg kontaktéiert.
Editioun vum 08:15
Begréngung an der Stad, déi nei Säite vum Ëmweltminister an de Finanzminister an den Tubak, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
80 Joer Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek
Den 1. Juli 1946 ass déi 1. Editioun vun der kommunistescher Zeitung erauskomm. Den aktuelle Chefredakter Ali Ruckert erënnert un 80 Joer, an deenen et dacks ëm d'Iwwerliewe goung.
Michelle Friederici, Presidentin vum OAI
Wéi kënne mir eis Stied, Schoulen, Bürosgebaier a Wunnenge besser op Hëtztwelle preparéieren? Dat froe mir d'Presidentin vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils
Bus du Coeur des Femmes
Vun haut bis e Freideg mécht dee Bus Statioun zu Esch virun der Gemeng. Do kënne Frae sech gratis engem Depistage vu cardiovasculaire Krankheeten ënnerzéien.
Editioun 07:15
Begréngung an der Stad, déi nei Säite vum Ëmweltminister an de Finanzminister an den Tubak, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Lëtzebuerger Fussball-Fan op der WM: Top oder Flopp?
Ze deier Ticketen, eidel Stadien a keng richteg WM-Stëmmung waren e puer vun de Virwërf virum Start vun der WM. Mee entsprécht dat och deem, wat Fans an den USA erliewen?