arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Editioun 08:15
Sinn déi nei hëlzen Eisebunnsschwellen aus Tropenholz, déi d'CFL verluecht huet, zertifizéiert? Recherche vum Tageblatt no bestéingen do Zweiwel
Botzmëttel a Kachgeschier op der Schueberfouer
Um Glacis verkafen d'Reesender op hire Stänn an der Allée Scheffer allerlee Produiten. Wéi erliewe si déi gréisste Kiermes am Land a wéi huet se sech iwwer d'Jore verännert?
Anne Calteux, Ex-Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg
Den 1. Dezember iwwerhëllt si d'Direktioun vum Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique.
Jonglënster: Erëmopbau vun der Gemeng kéint 2029 ofgeschloss ginn
Aktuell sinn d'Sanéierungsaarbechten amgaangen, erkläert de Buergermeeschter Ben Ries. Grouss Deeler vun de Gebailechkeete waren 2024 bei engem Groussbrand zerstéiert ginn
Editioun 07:15
D'Zeitunge sinn entsat iwwer d'Walvictoire vun der AfD a Sachsen-Anhalt a si maachen déi etabléiert Parteien dofir responsabel, well déi d'Bierger am Stach gelooss hunn
Bidirektionaalt Luede vun elektreschen Autoen
D’Technologie mam Numm “Vehicle-to-Grid” soll an Zukunft zu Lëtzebuerg getest ginn. Esou kéinten Autosbatterië mat Stroum vum Netz opgeluede ginn an es och zeréck schécken.
Wéi huet d'Braderie am Laf vun de Jore geännert?
Wéi huet d'Braderie am Laf vun de Jore geännert? Dat froe mir eng Geschäftsfra, déi schonn eng ganz Rei Editioune materlieft huet.
No AFD-Victoire a Sachsen-Anhalt
Wéi grouss ass d'Verantwortung vum Bundeskanzler Friedrich Merz fir dat schlecht Resultat vun der CDU?
Editioun 08:15
Et gouf eng gréisser Cyberattack bei der Firma BMS Engineering, déi Software fir Dokteren entwéckelt a perséinlech Donnéeë vun de Patienten traitéiert
20 Joer Anti-Tubak-Gesetz
Ënnert anerem mat engem Fëmmverbuet an de Restauranten an an ëffentleche Gebaier huet d'Regierung deemols versicht, d'Net-Fëmmerte virum ongesonden Damp ze schützen
Markus Linden, Politolog vun der Uni Tréier
No der Landtagswahl vu gëscht a Sachsen-Anhalt: Wéi geet et an deem Bundesland virun? A wéi eng Konsequenze kritt dat politescht Äerdbiewen zu Berlin?
Bidirektionaalt Luede vun elektreschen Autoen
D’Technologie mam Numm “Vehicle-to-Grid” soll an Zukunft zu Lëtzebuerg getest ginn. Esou kéinten Autosbatterië mat Stroum vum Netz opgeluede ginn an es och zeréck schécken.
Editioun 07:15
D'Geschicht an Däitschland widderhëlt sech, den antifaschistesche Konsens ass eriwwer, de Kanzler wackelt, dat si Kommentaren an den Zeitungen zu der Walvictoire vun der AfD
Lëtzebuerger geschriwwe Press mécht haut op mat der geplangter Rees vum Poopst op Metz, der Energiewend beim Hëtzen an der Luxairstrategie
D'Situatioun vu Jonke mat Verhalensopfällegkeeten
Den Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire huet dat am Detail analyséiert. D'Martine Frising vum OEJQS gëtt Explikatiounen.
Temps partiel familial: kee Recht op zéng Prozent manner Aarbecht
Den Temps partiel familial soll d’nächst Joer agefouert ginn: dat huet den Aarbechtsminister Marc Spautz (CSV) am 100,7-Interview ugekënnegt.
Kritik aus Serbien un der ALIA
Een oppene Bréif vum serbeschen Informatiounsminister mat Kritik u Lëtzebuerger Autoritéiten suergt fir vill Reaktiounen.