arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Eventtipp: Deen éischte Musclical am Theater
Beim Musclical gi Fitnessgeräter zu Museksinstrumenter an den Training gëtt zum Concert.
"Et leeft"
Eng Ausstellung am Luxembourg City Museum beschäftegt sech mat der Menstruatioun.
40 Joer Bommeleeër-Enquête: Iwwer Insider, Feeler a Justizbehënnerung
Vun 1984 bis 1986, wärend dem Kale Krich, gouf et zu Lëtzebuerg eng Serie vu Bommenattentater, déi bis haut net opgekläert ass. De Mëtteg fänkt en zweete Prozess doriwwer un.
Fokus wëllt weider eng Alternativ zu den traditionnelle Parteie sinn
Mir froen de Fokus-President Marc Ruppert, wéi seng Partei d'Wieler:innen an den nächste Jore wëllt iwwerzeegen.
Fussball: Wat ass sech an Nordirland nach vun de Roude Léiwen ze erwaarden?
D'Nationalekipp vun de Männer spillt den Owend hire leschte Match an der WM-Qualifikatioun. Mir froen dee fréieren Nationalspiller Roland Schaack, wat hie sech erwaart.
D'Walfer Bicherdeeg fänke muer un
D'Paule Rodesch geheit e Bléck hanner d'Kulissen
Wat ass ee Chief resilience officer?
De Philippe Weis, Chief resilience officer vun der Stad Esch, ass am Studio. Mir wëlle vun him wëssen, wat ee lokale Resilienz-Officer mécht.
D'Wanteraktioun um Findel mécht muer op
De Pierre Reyland mellt sech live vun der Plaz.
Riets-konservativ Majoritéit stëmmt fir Ofschwäche vum EU-Liwwerkettegesetz
Datt d’Majoritéit mat de Stëmme vum rietsextreeme Bord zesummekoum, stéisst op Kritik bei LSAP, DP a Gréng. D'CSV-EU-Deputéiert stelle sech iwwerdeems hanner de Vott.
Staatsbudget 2026: D'Chambre des Métiers vermësst e klore Plang
Mee wat erwaarden d'Handwierker vun der Regierung? Mir froen hire Chefekonomist, de Max Urbany.
Eventtipp: Game On
Dëse Samschdeg a Sonndeg (15. a 16.11.) steet zu Bouneweg nees d‘Gesellschaftspill an all senge Formen am Mëttelpunkt, da geet d‘Game On nämlech a seng nächsten Editioun.
Zwee jonk Lëtzebuerger bezwéngen de Mont Blanc
Am Summer sinn zwee jonk Lëtzebuerger op de Mont-Blanc geklommen an hunn dat och an engem Dokumentarfilm festgehalen. De Maurice Molitor huet mat hinne geschwat.
komma - de Jugendprogramm vum 100,7 geet un de Start
Vu Jonken, fir Jonker - mat "Still loading ..." presentéiert komma dat éischt Format aus dëser Offer.
10 Joer no den Attacken zu Paräis
Wéi huet den 13. November Frankräich verännert?
"LUX", deen neien Album vun der Rosalía
Klassesch ugehaucht, experimentell an innovativ
Mikrokreditter an Zäite vum Klimawandel
Och Mikrofinanzprojeten mussen sech un de Klimawandel upassen. Mir froen de Generalsekretär vun der European Microfinance Plattform wat dat bedeit.
Sollen d'Ouvertureszäite vun de Geschäfter verlängert ginn?
Déi Fro hu mer Iech des Woch gestallt, an déi meescht Äntwerten si kritesch. Mir loossen den Direkter vun der Luxembourg Confederation op d'Kritiken äntwerten.