arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Mikrokreditter an Zäite vum Klimawandel
Och Mikrofinanzprojeten mussen sech un de Klimawandel upassen. Mir froen de Generalsekretär vun der European Microfinance Plattform wat dat bedeit.
Sollen d'Ouvertureszäite vun de Geschäfter verlängert ginn?
Déi Fro hu mer Iech des Woch gestallt, an déi meescht Äntwerten si kritesch. Mir loossen den Direkter vun der Luxembourg Confederation op d'Kritiken äntwerten.
Migratioun: Neien Ulaf fir méi Solidaritéit ënner den EU-Memberlänner
D’EU proposéiert ee “Solidaritéits-Pool” fir d’Migratioun: Lëtzebuerg ass ënnert deene Länner, déi Migranten ophuelen oder ee finanziellen Ausgläich bezuele mussen.
Eventtipp: Jam Session
Den Owend organiséiert nämlech Gemeng Déifferdeng eng Blues-Rock-Jam-Session am 1535. Begleet gëtt dës Jam Session vum Lëtzebuerger Blues-Kënschtler Kid Colling.
Logement: Wéi dacks kënnt et zu Diskriminéierung?
D'Sté Bisenius huet nogefrot.
Fussball: De Jeff Strasser virun den zwee leschte WM-Qualifikatiounsmatcher
Am Virfeld vun den zwee leschte WM-Qualifikatiounsmatcher am Fussball géint Däitschland an Nordirland huet sech den Eric Ewald mam Nationaltrainer Jeff Strasser ënnerhalen.
De Thinktank Idea huet Pensiounsreform analyséiert
Mir schwätzen iwwer hir Analys mam Direkter Vincent Hein.
EU-Mindestloundirektiv: Urteel vum Europäesche Geriichtshaff
Mir schwätze mam fréiere Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit, deen un dëser Direktiv matgeschafft hat.
Gesondheetspolitik: d'Ministesch reagéiert op Gewerkschaftskritik
An engem laange Bréif un de Premier huet d'Union syndicale déi gesondheetspolitesch Pläng vun der Regierung attackéiert. D'Ministesch Martine Deprez reagéiert.
Eventtipp: Philharmonie Jam Session
D'Philharmonie invitéiert d'Leit mat hirem Instrument lanscht ze kommen a mat ze musizéieren.
Booker Prize fir David Szalay
Deen ungaresch-britteschen Auteur gëtt fir säi Buch "Flesh" ausgezeechent. De Jeff Schinker seet, wourëms et an deem Roman geet.
Oui, Chef!
De Luc Boentges aus der Opus-100,7-Klassikredaktioun huet mat de Lëtzebuerger Philharmoniker e Kachbuch erausbruecht.
No der Caritas-Affär
D'Generaldirektesch vun der Spuerkeess Françoise Thoma trëtt zeréck. Een direkte Lien mat der Bedruchsaffär a mat der CSSF-Strof hunn d'Responsabel awer net gemaach.
SES am Wandel
Beim Satellittebedreiwer vu Betzder kréien d'Aktivitéiten am Beräich Defense ëmmer méi Gewiicht. Explikatioune vum Senior Vice President Philippe Glaesener.
Kritik un der Studentefoire
D'ACEL ass onzefridde mam aktuelle Konzept vun der Studentefoire op der uni.lu um Belval. D'Héichschoulministesch Stéphanie Obertin reagéiert op d'Awänn vun de Studentevertrieder.
Eventtipp: De Ian de Toffoli an den Enrico Lunghi liesen aus hire Bicher
D'Liesung am Kader vun de "Mardis Littéraires" ass denowend am Stater Cercle.
Sammelkloe ginn och hei am Land méiglech
Mir hu mat der Direktesch vun der Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC) iwwer Sammelkloe geschwat.