arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Ophale mat Fëmmen: Wat bréngen alternativ Methoden?
Muer um 31. Mee ass Internationalen Dag vun den Net-Fëmmerten. D'Weltgesondheetsorganisatioun huet den Dag 1987 an d'Liewe geruff, fir iwwer d'Gefor vum Tubakskonsum opzeklären.
Kulturpass
Zënter 15 Joer kréie Leit aus prekäre Verhältnisser mam Kulturpass fir 1,50 € Accès zu kulturelle Manifestatiounen hei am Land. D'Marianne David vun der ASBL Cultur'all erkläert.
D'Flèche du Sud 2025 ass amgaang
Nach bis de Sonndeg leeft Flèche du Sud 2025. Mir zéie mam President vun der Vélo-Union Esch, dem Ben Funck, en Tëschebilan.
Decisiv Matcher fir d'Dammefussball-Nationalekipp an der Nations League
An der Nations League spillen d'FLF-Dammen an den nächste 4 Deeg ëm den Opstig an d'B-Liga.
Grousse Pèlerinage
Dausende Gleeweger hunn dëst Joer nees um Pèleringe zur Muttergottes vu Fatima op Wolz deelgeholl.
Zuel vun de Fëmmerten geet zeréck hei am Land
Déi lescht Zuele weisen, datt manner Leit zu Lëtzebuerg fëmmen. Wéi optimistesch stëmmt dat d'Fondation Cancer?
Enttäuschung zu Elversberg
Den klenge Veräin aus dem Saarland huet de Sprong an déi 1. Fussball-Bundesliga knapp verpasst. D'Reaktioun vu (Lëtzebuerger) Co-Trainer Raphael Duarte.
Décrochage scolaire
Den Taux vu Schoulofbriecher ass 2024 am Verglach mat de Joere virdrun zimlech stabil bliwwen. Erkläerunge vum Georges Metz, dem Direkter vum Service national de la jeunesse (SNJ).
Pensiounsreform: Wat hällt d'Jugendpartei vun der LSAP dovunner?
Dat froen mir den Olivier Cano vun den Jonken Sozialisten.
Pensiounsreform: Wéi iwwerzeegt ass d'Jugendpartei vun der CSV?
Mir froen de CSJ-Generalsekretär Laurent Braun, wat hie vun den Annoncen zu der Pensiounsreform hält.
Net just fir Touristen: D'LUGA
D'LUGA, d'Luxembourg Urban Garden Ausstellung, invitéiert d'Stad aneschters ze gesinn.
Autosführerschäin
De Generalsekretär vun der Federatioun vun de Fahrlehreren erkläert, firwat esou vill Leit am Führerschäinsexamen duerchfalen.
Panne mam Elektroauto: Wat elo?
Wéi ginn E-Autoen depannéiert a wéi leeft hei den Contrôle technique of?
Eichenprozessionsspinner: Eng Gefor, och fir de Mënsch
Den Eichenprozessionsspinner breet sech zënter Joren ze Lëtzebuerg aus. D’Larve sinn net nëmme schiedlech fir Eechen, mee stellen och eng Gefor fir Gesondheet vum Mënsch duer.
Deforestatiounsreglement
De WWF Europa ass entsat iwwer d'Fuerderung vu villen EU-Agrarministeren, fir d'Deforestatiounsreglement nees op de Leescht ze huelen. D'Beatrice Wedeux erkläert firwat.
Keng auslännesch Studente méi op der Uni Harvard?
Den Harvard Club of Luxembourg weist sech solidaresch mat der Harvard Universitéit a kritiséiert d'Decisioune vun der Trump Organisatioun.