arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Eventtipp: Club Polyglotte
Fir all déi, déi de Moment eng Sprooch léieren an dës och gären emol uwende wëllen: De Club Polyglotte organiséiert haut, 4.11., e Sproochenowend.
Eng Lëtzebuerger BD entwéckelt sech zum Bestseller
Den Editeur Jérôme Bloch erkläert, wéi d'BD "Geschicht vu Lëtzebuerg 963-2025" entstanen ass.
Vullegripp zu Lëtzebuerg: Wat bedeit et fir d'Baueren?
De Rick Mertens mellt sech live vum Hingerhaff zu Sprénkeng.
Bei Froen iwwer d'Aktualitéit äntwert KI an de meeschte Fäll falsch
D'EBU huet an enger Etüd erausfonnt, datt vill Leit sech mat KI-Chatbots iwwer d'Aktualitéit informéieren. Op d'Äntwerte kann ee sech dobäi awer wéineg verloossen.
Asiatesch Runnen op der Abtei Neimënster
D'Nascht vun engem hallwe Meter Duerchmiesser gouf de leschte Freideg ewechgemaach, mir ware mat derbäi.
Eventtipp: de Film "Pillow Talk"
"Pillow Talk" ass eng romantesch Komedie aus dem Joer 1959 mam bekannte Schauspillerduo Rock Hudson an Doris Day. Dëse Film leeft haut Owend (3.11.) am Kapuzinertheater.
Dëse Weekend ginn hei am Land d’Griewer geseent
Allerhellegen an Allerséile si fir déi zoustänneg Servicer déi Zäit, an där se am meeschte gefuerdert sinn. D'Paule Rodesch schwätzt mam Service Cimetière vun der Stater Gemeng.
"Bohemian Rhapsody" koum viru 50 Joer eraus
Wéi en onkonventionellt Lidd zum populäerste Stéck Popgeschicht aus senger Dekad gouf.
9 Studiejore fir d'Pensioun urechne loossen: fair oder net?
Déi Fro hu mir Iech dës ganz Woch gestallt a mir kommen nach eng Kéier op är Äntwerten zeréck.
Chantieren: D'nächst Woch fueren op e puer Plaze keng Zich
D'Alessandra Nonnweiler vun den CFL erkläert, wéi eng Strecken impaktéiert sinn.
Wisou gesäit een op munche Kierfechter richteg al Griewer an op aneren net?
Fir dës Froen ze beäntweren hu mir bei de Gemengen nogefrot.
Wale vun engem Schülercomité an der Kierchbierger Kiem-Grondschoul
Am Kader vun der Woch vun der Demokratie gouf gëschter a gëtt de Moien nach e Schülercomité an der Kiem-Schoul um Kierchbierg gewielt ...
Eventtipp: Basteln, Farben, Fiesta!
Muer (1.11.) ass am Kannermuséee Plomm zu Wolz "Basteln, Farben, Fiesta!“ ugesot. Alleguerten d‘Infoe fannt Dir op plomm.lu.
Schülerrotswalen zu Reckeng an der Primärschoul
Am Kader vun der Woch vun der Demokratie hu Schüler:innen aus der primär Schoul zu Reckeng un der Mess lëscht Woch hire Schülerrot gewielt - an dat scho fir déi fënnefte Kéier.
Wie vertrëtt Lëtzebuerg op der Eurovisioun d'nächst Joer?
Den Iwwerbléck vun de Finalisten a Finalistinne vum Luxembourg Song Contest
Studentefoire 2025: Fir wéi eng Stied gëtt sech am meeschten interesséiert?
Mir froen d'Carole Dessart aus dem Héichschoulministère.
Holland huet gewielt
D'Journalistin Ulrike Nagel kommentéiert Walresultat an erkläert wat fir Koalitioune méiglech sinn.
Chipkris an der Autosindustrie: Gëtt et en Auswee?
Mir froen de Wirtschaftsminister Lex Delles.