arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Orientéierung: wéi fannen ech d'Sektioun, déi bei mech passt?
Am Secondaire classique gëtt et mëttlerweil eng Hellewull u spezialiséierte Sektiounen. Wéi fënnt een do säi Gléck a firwat gëtt et iwwerhaapt souvill Choix?
Goerens-Rapport ofgeleent
D’Europaparlament huet mat Stëmme vun EVP an Extrême-droite e Rapport vum Charles Goerens zréckgewisen. Wéi reagéiert de liberalen Europadeputéierten?
DAB+ an der Schwäiz
Déi digital terrestresch Diffusioun vu Radiosprogrammer ass an der Schwäiz scho laang Realitéit. Déi ëffentlech-rechtlech SRG huet den UKW schonn ofgeschalt.
Fligertracking: Eng onprezis Wëssenschaft
Eng Cargolux-Maschinn soll trotz gespaartem Loftraum iwwer den Iran geflu sinn. Schold un dëser Feelinformatioun sinn d'Limitte vum digitalen Tracking.
McGill University kënnt op Lëtzebuerg
Vum Dezember u proposéiert déi renomméiert kanadesch Uni e Master an der Finanzgestioun hei zu Lëtzebuerg. De Patrick Augustin, Lëtzebuerger Proff op der McGill, erkläert.
Alfred Brendel ass dout
D'Welt vun der klassescher Musek trauert ëm ee vun de ganz grousse Pianisten: de Luc Boentges erënnert un den Alfred Brendel, dee gëschter am Alter vu 74 Joer gestuerwen ass.
Ägyptesch Autoritéite verhënnere friddleche Protestmarsch
Temoignage vun 5 Lëtzebuerger aus Ägypten
Wéi lieweg ass d'Groussregioun wierklech?
Zanter 10 Joer gëtt et d'Haus vun der Groussregioun. Mir froen d'Direktesch Florence Jacquey, wat do geschitt ass a wéi et der Groussregioun geet an Zäite vu Grenzkontrollen.
Uran uräicheren: wéi geet dat?
Fir atomar Sprengkäpp kënnen ze bauen, brauch een Uran, deen awer muss ugeräichert ginn. Wéi dat geet, erkläert de Guillaume Trap vun der Fondation Jeunes Scientifiques.
Firwat sinn d'Bloalgen dëst Joer esou fréi drun?
Mir hu beim Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) nogefrot
Sträit am Escher Gemengerot
Et gëtt Sträit am Escher Gemengerot - Grond ass deen neie Vëloswee duerch d’Kanalstrooss.
Als ausgestuerwe gegollt an elo ass se nees opgetaucht: Dat grousst Glaskraut
D'Botaniker vum natur musée hunn déi extreem siele Planz, d'Glaskraut, direkt bei hinne virun der Dier fonnt. De Guy Colling vum natur musée erkläert.
Wéi geet et weider mat der franséische Steier op ultrahéich Verméigen?
De franséische Senat huet rezent déi sougenannt "Taxe Zucman" refuséiert. Wat elo d'Optioune si beschwätze mir mat eisem Korrespondent Max Tholl.
Op de Spuere vu Fabricken, Minnen a Lokomotiven
Fir d'éischte Kéier huet den INPA ee Buch iwwer dat industriellt Ierwe vu Lëtzebuerg erausginn. Mir kucke mam Direkter Patrick Sanavia op dat wat bleift a wat et bedeit.
Spuenier soen "no" zu ze vill Touristen
Dausende vu Leit hunn de Weekend géint de Massentourismus a Spuenie protestéiert. Eis Korrespondentin Aurélie Chamerois war dobäi a weess wourëm et geet.
Ëmfro bei däitsche Frontalieren: Een Drëttel denkt iwwer en Jobwiessel no
Dat ass d'Resultat vun engem rezente Sondage vun der Däitsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsinitiativ DLWI. Mir schwätze mat hirem President Stefan Pelger.
Eskalatioun am Noen Osten: Ginn et Léisungen?
De Konflikt tëschent Iran an Israel zitt zanter Deeg ëmmer weider Kreesser. Wat si Léisungsusätz? Mir froen déi däitsch Expertin fir den Noen Oste Bente Scheller.
D'Nuit du Sport erwächt den Interessi un neie Sportaarten
Egal ob Kanner oder Erwuessener: Bei der Nuit du Sport war fir jiddereen eppes dobäi. Nieft bekannten Aktivitéiten ewéi Tennis oder Fussball, konnt een och méi modern Sportaarten ausporbéieren.