arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Campagne "Gielt Band - Hei dierft Dir plécken"
Zil vun der Campagne ass et d’Leit erëm op de Goût vu regionale Friichten ze bréngen.
WM-Qualifikatiounsmatch: Lëtzebuerg géint Nordirland
De Jeff Strasser steet den Owend viru senger Première als Nationaltrainer vun de Roude Léiwen mam éischte Match an der Qualifikatioun fir d’WM 2026 géint Nordirland.
D'Enn vun de sougenannte Sozialronnen
Mir analyséieren, wéi déi verschidde Säiten d'Resultater gëschter duergestallt hunn.
Camprilux ass mat Saison zefridden
Camping-Bilan: Am éischten Trimester gouf et dem STATEC no bal 490.000 Iwwwernueschtungen op den 80 Campingsplazen am Land.
3. Sozialronn: wat denkt d'CGFP?
De CGFP-President Romain Wolff erkläert mat wéi engen Erwaardungen a roude Linnen d'Staatsbeamtegewerkschaft an d'Sozialronn vun haut (3.9.) geet.
Eng nei Noutstruktur fir Jonker zu Uewerglabech
De Gilles Dhamen vum Educatiounsministère iwwer déi nei Struktur vun der croix-rouge, fir Kanner, déi net méi bei hirer Famill wunne kënnen.
Militärparad zu Peking
Eise Korrespondent Philip Crowther bericht live vu Peking, wou sech op déi grouss Militärparad preparéiert gëtt.
Sozialverhandlungen
Drëtt Sozialronn kéint déi lescht sinn. Bis dohinner war et ee laange Wee, e Réckbléck op déi eenzel Etappen.
E Bilan vun der 96. Editioun vun der Stater Braderie
Mat der Presidentin vum Stater Geschäftsverband Mireille Rahmé kucke mir zeréck op d'Stater Braderie vun dësem Joer.
D'Vakanzekolonië vum SNJ
Wéi vill Succès hunn d'Vakanzekolonië vum Service National de la Jeunesse? Wat gëtt do gebueden a wie geet mat? Froen un den SNJ-Direkter Georges Metz
Michel Reckinger: "D'Parlament soll decidéieren"
Am Virfeld vun der drëtter sougenannter Sozialronn hu mir mam Michel Reckinger (UEL) an der Nora Nack (OGBL) geschwat.
CFL-Chantier tëschent Rued-Sir a Wecker
Bis Mëtt September gëtt hei déi ganz Eisebunnsstreck renovéiert. Eng speziell Maschinn hëlleft derbäi d'Aarbechte séier ze realiséieren.
Nora Back: "Ech wëll och optimistesch sinn"
Am Virfeld vun der drëtter sougenannter Sozialronn hu mir mat der Nora Back (OGBL) a Michel Reckinger (UEL) geschwat.
Een Abléck an d'Fraenhaus Marga
D’Fraenhaus am Neiduerf riicht sech speziell u Fraen, déi drogenofhängeg sinn an och heefeg Gewalt an Obdachlosegkeet erlieft hunn.
Sowjetesch Zwangsaarbechter zu Lëtzebuerg
En neit Buch vun der Historikerin Inna Ganschow beliicht den Alldag an d'Aarbechtsbedéngunge vu Russen, Wäissrussen an Ukrainer, déi vun de Preisen op Lëtzebuerg verschleeft goufen
Als Forain op der Schueberfouer
De Raphael Betti an de Kartik Sati hunn dëst Joer d'gréngt Spill op der Schueberfouer iwwerholl. Mee wat bréngt dat alles mat sech, wann een e Stand op der Fouer huet?
One water - Mir si Waasser
Eng nei Informatiouns- a Sensibilisatiounscampagne gouf vun der Waasserverwaltung zesumme mat der CELL (Citizens for Ecological Learning and Living) lancéiert.