arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Den FC Atert Bissen ass prett fir seng éischt Saison an der BGL League
Mir hu mat de Responsabele vum Club geschwat, just éier déi nei Saison dëse Weekend ufänkt.
Caritas-Affär: Enquête vun CSSF ass ofgeschloss, a wat elo ?
D'Spuerkeess muss eng Geldstrof vu ronn 5 Milliounen Euro bezuelen, d'BGL kënnt 100,7-Informatiounen no mat enger Verwarnung dovun. Mir analyséieren, wat dat bedeit.
Wat ass de Chronesche Fatigue-Syndrom?
Zënter der Pandemie huet Zuel vun de Leit, déi ënner dëser Erschöpfungskrankheet leiden zougeholl. Mir hu mat enger Fuerscherin vun der Uni.lu geschwat, déi d'Krankheet ënnersicht.
Conference League Quali: Stroossen wëllt géint Dundee weiderkommen
De Simon Larosche huet am Virfeld mat Fans vu beide Säite geschwat.
Kris vun der daitscher Autosindustrie huet och en Impakt op Lëtzebuerg
Dem President vun de Lëtzebuerger Autoszouliwwerer Julian Proffitt no géif säi Secteur staark vun den däitschen Autosproduzenten ofhänken: An deene Produzente geet et net gutt.
Tsunami-Warnungen a Japan
D'Lilly Zikes vun Esch ass aktuell mat hirer Mamm an der Regioun a gouf evakuéiert, nodeems et wéinst engem Äerdbiewe viru Russland kéint zu engem Tsunami kommen.
D'Schmaachschoul zu Braanebuerg ass och am Summer op
Mir hunn nogefrot, wat een do ka léieren.
Déifferdeng steet am 3. Qualifikatiounstour vun der Conference League
Nodeems de Veräin och de Retourmatch géint The New Saints aus Wales gewonnen huet.
Frëndschaften tëschent Gemengen
Internationale Dag vun der Frëndschaft: Zënter bal 30 Joer besteet de Jumelage tëschent Bartreng an der italieenescher Gemeng Santa Maria Nuova.
Post-Pann: Wier nationale Roaming eng Léisung gewiescht?
Déi Fro stellt sech, nodeems dee gréisste Provider hei am Land ronn 4 Stonne laang een Totalausfall hat.
Si Pabeier a Glas wierklech déi besser Alternative fir Plastik?
Dat froe mir de Valorlux-Direkter Claude Turping.
Chantier op der Schengen-Bréck vun der Saarautobunn: Miseler Kritik dorun
D'Gemenge Schengen a Réimech fäerten, dass de Chantier op der Schengen-Bréck vun der Saarautobunn no den däitsche Grenzkontrolle fir weider Perturbatioune suergt
No der illegaler Rave-Party zu Hengescht: d‘Raver hu Spueren hannerlooss
Ronn 500 Mënschen haten un der illegaler Rave-Party an engem Naturschutzgebitt deelgeholl.
Lëtzebuerger Reaktiounen op den Handelsaccord tëschent der EU an den USA
D’Reaktiounen no der Annonce, datt d’EU an d’USA een Accord ëm d’Douanestaxe fonnt hunn, ware kloer: keng Euphorie, mee et ass ee frou, datt et net zu engem Handelskrich koum.
Klimawandel: Wéi komme mir lass vun der "Sucht op Wuesstem"?
Den amerikaneschen Ekonomist Robert Costanza erkläert, wéi een a sengen Aen e gesellschaftleche Wandel erreecht.
Sozialdialog: Firwat geet d'Patronat an d'Offensiv?
De Patronatsverband UEL huet seng Rente-Proposen ëffentlech gemaach - obwuel d'Diskussioune mat der Regierung nach amgaang sinn. Mir froen den UEL-Direkter Marc Wagener firwat.
Iechternach véier Joer no den Iwwerschwemmungen
Véier Joer no den Iwwerschwemmungen zu Iechternach ginn d'Schied elo reparéiert. Et gëtt sech op eng Zukunft preparéiert, wou Iwwerschwemmungen nach méi dacks wäerte virkommen.
D'Lëtzebuerger ONG ADA hëlleft Leit an Entwécklungslänner e Prêt ze kréien
De President vun der ADA (Appui au développement autonome) Patrick Losch huet eis erkläert, wéi dat funktionéiert. Appui au développement autonome.