arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Fussball: Lëtzebuerg verléiert och säi leschte Match an der WM-Quali
D'Hären-Nationalekipp huet gëschter hire leschte Match an der WM-Qualifikatioun gespillt. Wéi hunn d'Rout Léiwen sech geschloen? Doriwwer schwätze mir mam Simon Larosche.
Bei Ponts et Chaussées an der Salzhal
Mam éischte Frascht fänken d'Streeaarbechten op de Stroossen un.
Musse KI-Firme bezuelen, wa se Liddertexter wëlle benotzen?
En däitsch Geriicht huet viru Kuerzem en Urteel dozou gesprach. Mir froen no, ob dat och en Impakt op Lëtzebuerg huet.
Déi aktuell CSV-DP Koalitioun zu Wolz steet virum Broch
Déi aktuell CSV-DP Koalitioun zu Wolz steet wéi et schéngt virum Broch. D’DP wéilt elo mat der LSAP zesummeschaffen. Wat seet d'CSV-Buergermeeschtesch Carole Weigel dozou?
COP30
D’Weltklimakonferenz zu Belém a Brasilie geet elo an déi decisiv Phas. Mir zéien en Tëschebilan mam David Hoffmann vun der ASTM, der Action Solidarité Tiers Monde.
Eventtipp: Deen éischte Musclical am Theater
Beim Musclical gi Fitnessgeräter zu Museksinstrumenter an den Training gëtt zum Concert.
"Et leeft"
Eng Ausstellung am Luxembourg City Museum beschäftegt sech mat der Menstruatioun.
40 Joer Bommeleeër-Enquête: Iwwer Insider, Feeler a Justizbehënnerung
Vun 1984 bis 1986, wärend dem Kale Krich, gouf et zu Lëtzebuerg eng Serie vu Bommenattentater, déi bis haut net opgekläert ass. De Mëtteg fänkt en zweete Prozess doriwwer un.
Fokus wëllt weider eng Alternativ zu den traditionnelle Parteie sinn
Mir froen de Fokus-President Marc Ruppert, wéi seng Partei d'Wieler:innen an den nächste Jore wëllt iwwerzeegen.
Fussball: Wat ass sech an Nordirland nach vun de Roude Léiwen ze erwaarden?
D'Nationalekipp vun de Männer spillt den Owend hire leschte Match an der WM-Qualifikatioun. Mir froen dee fréieren Nationalspiller Roland Schaack, wat hie sech erwaart.
D'Walfer Bicherdeeg fänke muer un
D'Paule Rodesch geheit e Bléck hanner d'Kulissen
Wat ass ee Chief resilience officer?
De Philippe Weis, Chief resilience officer vun der Stad Esch, ass am Studio. Mir wëlle vun him wëssen, wat ee lokale Resilienz-Officer mécht.
D'Wanteraktioun um Findel mécht muer op
De Pierre Reyland mellt sech live vun der Plaz.
Riets-konservativ Majoritéit stëmmt fir Ofschwäche vum EU-Liwwerkettegesetz
Datt d’Majoritéit mat de Stëmme vum rietsextreeme Bord zesummekoum, stéisst op Kritik bei LSAP, DP a Gréng. D'CSV-EU-Deputéiert stelle sech iwwerdeems hanner de Vott.
Staatsbudget 2026: D'Chambre des Métiers vermësst e klore Plang
Mee wat erwaarden d'Handwierker vun der Regierung? Mir froen hire Chefekonomist, de Max Urbany.
Eventtipp: Game On
Dëse Samschdeg a Sonndeg (15. a 16.11.) steet zu Bouneweg nees d‘Gesellschaftspill an all senge Formen am Mëttelpunkt, da geet d‘Game On nämlech a seng nächsten Editioun.
Zwee jonk Lëtzebuerger bezwéngen de Mont Blanc
Am Summer sinn zwee jonk Lëtzebuerger op de Mont-Blanc geklommen an hunn dat och an engem Dokumentarfilm festgehalen. De Maurice Molitor huet mat hinne geschwat.
komma - de Jugendprogramm vum 100,7 geet un de Start
Vu Jonken, fir Jonker - mat "Still loading ..." presentéiert komma dat éischt Format aus dëser Offer.