arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Tennis: Lëtzebuerg steigt a Weltgrupp 1 vum Davis-Cup op
Dat no enger 3:1 Victoire géint d'Ukrain. Wat erhofft ee sech doduerch, dat froe mir de President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun Claude Lamberty
Schisprange kombinéiert Vitess, Technik an eng grouss Portioun Courage
Bei den Olympesche Wanterspiller zu Mailand a Cortina d’Ampezzo ass et haut den Optakt vum Schisprange bei de Männer. Eng Sportaart, déi bei de Fans beléift an déi spektakulär ass.
Debbie Marinkovic présentéiert eegene Pop-Song
Mam Titel "Hold On To" geet d'Sängerin, déi bis elo éischter op der Musical-Schinn ënnerwee war, op en neie musikalesche Wee.
Superbowl - wat muss ee wëssen?
De 60. Superbowl gëtt ee Sonndeg am Levi’s Stadium zu Santa Clara a Kalifornie gespillt. De Pit Beffort an d'Cally Kerschen resuméieren de sportlechen a politeschen Impakt.
Fro vun der Woch: Är Äntwerten am Résumé
Wéi grouss ass d'Vertrauen an eise Gesondheetssystem? Dat wollte mir dës Woch vun eisen Nolauschterer wëssen. D'Christiane Kleer faasst déi ganz ënnerschiddlech Retouren zesummen.
De COSL kuckt op Mailand a Cortina
Um Dag vum Optakt vun den olympesche Wanterspiller an Norditalie froe mir de Raymond Conzemius, sportlechen Direkter vum COSL wat hien sech vun de Lëtzebuerger erwaart.
Wéi ginn d'Crèchë kontrolléiert?
Nom Fall zu Péiteng froe mir de Marco Deepen, Responsabel fir déi non-formal Bildung am Ministère, wéi Mëssstänn a Crèchë festgestallt ginn a wéi et fir déi Betraffe weidergeet.
Spuerkeess: 6.000 US-Dollar fir eng Onz Gold “absolut net onméiglech”
Wat muss een an dësen Zäite wësse wann een a Gold wëllt investéieren, a wat iwwer déi rezent Entwécklunge beim Goldpräis?
Olympesche Wanterspiller 2026 an Norditalien
Haut den Owend um 8 Auer ass d’Ouvertureszeremonie
Jüddesch Famillen zu Lëtzebuerg
De Ben Fayot iwwer e Buch mat Biographien vu 64 jüddesche Familljen, déi an den 1930er Joren hei am Land GE-, an duerno an verschidde Schicksaler erlieft hunn.
Den Internet vergësst näischt...
An duerch déi kënschtlech Intelligenz verschwammen d'Grenzen tëscht Realitéit a Ligen ëmmer méi. De Jeff Kauffmann vu Bee Secure erkläert d'Risike ronderëm d'sougenannten Deepfakes
Esch lancéiert Biergerversammlung
40 Residente vun Esch sollen zesumme Proposen ausschaffen, fir d'Zesummeliewen an der zweetgréisster Stad ze stäerken. Explikatioune vum Escher CSV-Buergermeeschter Christian Weis.
Neutral Toiletten: Firwat déi Panik?
Gefillt ginn et méi Meenunge wéi Fakten zu den Unisex-Toiletten. Duerch d’Diskussioun sinn aner wichteg Themen ënnergaangen, mengt d’Sophie Schroeder an engem Commentaire.
"Historesche" Moment am Lëtzebuerger Handball
Gëschter Owend gouf zu Esch eng Aktioun vum Hären-Match vun Enn September tëscht Esch an Diddeleng widderholl: Um Resultat huet dat näischt geännert...
Affär Wilmes: Wéi e Feedback kritt d'Patientevertriedung vun hire Memberen?
D'Patientevertriedung seet, an der Affär Wilmes hätten sech bis Ufank der Woch eng 25 Patient:inne gemellt, déi Problemer no Operatioune gehat hätten. Wat kritiséieren si genee?
Eischt Personalcharta zu Diddeleng ënnerschriwwen, mee OGBL ass net frou
An der Gemeng Diddeleng gouf gëschter eng éischt Charta mat der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC ënnerschriwwen
Pannendéngscht: E-Auto ass net gläich Auto
Fir de Pannendéngscht bréngen d'Elektrogefierer nei Erausfuerderunge beim Ofschleefe mat sech. D'Paule Rodesch freet beim ACL zu Bartreng no
Valorlux-Tuten u Luuchtepottoen ophänken: Fëschbech geet nei Weeër
Interview mam Lucien Brosius, Buergermeeschter vu Fëschbech: D'Zentrumsgemeng versicht de Problem ze léise vu Valorlux-Tuten, déi opfueren an d'Ëmwelt verknaschten.