Fir der ländlecher Bevëlkerung hei am Land den Zougank zu Finanzservicer méiglech ze maachen, war virun 100 Joer d’Bank Raiffeisen gegrënnt ginn: den 9. Februar 1926.
Hiren 100. Anniversaire huet d’Bank Raiffeisen gëschter Owend a Presenz vum Grand-Duc Guillaume, dem Premier Luc Frieden (CSV) an iwwer 1.200 weidere Gäscht an der Rockhal op Esch-Belval gefeiert.
An d’Moderniséierung vum Kreditgeschäft sollen an den nächsten dräi Joer 10 Milliounen Euro fléissen. Dat huet d’Bank Raiffeisen am Kontext vun hirem 100. Anniversaire ugekënnegt.