arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Krisesëtzung: wéi geet et um Rhäin (an op der Musel) weider?
De Rhäin steet mëttlerweil op ville Plazen historesch déif. Gëschter gouf zu Bonn no Léisunge gesicht fir den Impakt op d'Wirtschaft kleng ze halen.
Pascal Steichen, Direkter vum House of Cybersecurity
Direkt e puer Lëtzebuerger Institutioune waren zënter dem Ufank vun der Summervakanz vu Cyberattacke betraff. Ass dat Zoufall? Mir froen de CEO vum House of Cybersecurity.
Beetebuerger Kierfecht: wat ass bis elo gewosst?
Ufanks der Woch goufe 60 Griewer beschiedegt. Mir froen de Buergermeeschter Jean-Marie Jans, wat genee geschitt ass, an ob d'Kierfechter elo besser muss geschützt ginn.
Editioun 07:15
De Gemengesyndikat Minett-Kompost krut vum Ëmweltministère en Ultimatum, fir kee knaschtegt Waasser méi an d‘Ëmwelt a Kanalisatioun lafen ze loossen, liest een am Tageblatt.
180 Kilometer Jakobswee ginn et zu Lëtzebuerg
Déi féieren a 6 Etappen op Veianen, Iechternach, Gréiwemaacher an d’Stad, op Diddeleng a Schengen. D’Paule Rodesch war rezent mat de Frënn vum Camino op enger dovunner ënnerwee.
Gym: Lëtzebuerg krut den Zouschlag fir d'EM 2028 auszedroen
Wat bedeit dat un Opwand a wéi kritt d'Federatioun FLGym dat gestemmt? Dat froe mir hire Generalsekretär Silvio Sagramola.
Editioun 08:15
De Finanzminister Gilles Roth (CSV) hätt op Drock vun der Autolobby noginn, schreift reporter.lu iwwer geplangte steierlech Begënschtegung vu Plug-In-Hybriden als Déngschtautoen.
Liichtathleetik bei iwwer 30 Grad: Schiet, Waasser an adaptéiert Trainingen
D'Hëtztwellen hunn och dee gréisste Liichtathleetik-Veräin am Land virun Erausfuerderunge gestallt.
Marc Hans, Direkter vun der Waasserverwaltung
Wéi een Impakt huet d'Dréchent op d'Drénkwaasserversuergung? Dat froe mir de Chef vun der zoustänneger Verwaltung.
TikTok oder Instagram eréischt vu 15 oder 16 Joer un?
An der EU gëtt virun doriwwer diskutéiert, ob Sozial Medien an Zukunft fir Kanner oder Jugendlecher eréischt vun engem bestëmmten Alter u sollen erlaabt sinn.
Editioun 07:15
Beim geplangte Google Datenzenter-Projet zu Biissen kéint d‘Luucht geschwënn "op Gréng schalten“, seet de Buergermeeschter David Viaggi am Tageblatt.
Tour de France vun de Fraen: wat erhofft de Fränk Schleck sech?
Dee fréiere Lëtzebuerger Profi ass Team-Manager vun der Dammen-Ekipp vu Lidl-Trek. Mir schwätze mat him iwwer seng Ambitioune beim Tour de France vun de Fraen.
Stammzellespenden: vill potentiell Donateure sprangen um Enn of
D’Associatioun Don de Moëlle schwätzt vun engem gravéierende Problem, dee Mënscheliewen op d'Spill géif setzen. Wat sinn d'Grënn fir déi vill Refusen?
Editioun 08:15
1.000 Botte si virgëschter zu Laaschent op engem Feld verbrannt, wat dat fir de Bauerebetrib bedeit a wéi héich de Schued ass, doriwwer geet haut ë. a. Rieds an der Presserevue.
Ee laange Wee op d'Schaff ka fir Demotivatioun suergen
Stau oder ee vollen Zuch si fir vill Leit Deel vum Aarbechtsalldag. D'Psychologie-Studentin Myriam Koch interesséiert sech fir den Impakt dovun op d'Gesondheet an d'Wuelbefannen.
Josée Kirps, Direktesch vun de Nationalarchiven
D'Nationalarchive sinn amgaangen op de Belval ze plënneren. Mir froen d'Direktesch, ob si d'Plënneraktioun nach ofgeschloss kritt, éier si am November an d'Pensioun geet.
No Ceuta: wat muss d'EU anescht maachen, Tilly Metz?
Mir schwätze mat der grénger Europadeputéierter iwwer d'Conclusiounen, déi si zitt aus de Virfäll zu Ceuta an dem Ëmgaang domadder vun de politesche Responsabelen.
Editioun 7h15
De Kampf vu Kriibspatientinne mat der Gesondheetskeess wéinst hire Broschtimplantater an d'Euroschäiner mat Panzeren a Mitrailletten drop sinn Theemen.