arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Deforestatiouns-Gesetz gelockert
D’Europaparlament huet sech gëschter dofir ausgeschwat, dat ëmstriddent europäescht Gesetz géint d’Deforestatioun ze lockeren an d’Akraafttrieden ëm ee Joer ze verleeën.
Brasilien: fréiere President Bolsonaro krut eng Prisongsstrof vu 27 Joer
Mir froen eise Korrespondent Jean-Claude Gérez, ob dovun auszegoen ass, datt den Jair Bolsonaro effektiv esou laang am Prisong bleift.
D'Orange Week
D'Sensibiliséierungscampagne iwwer Gewalt géint Fraen a Meedercher
AMMD geet no Kritik an d’Offensiv
D’AMMD probéiert hir Memberen ze mobiliséieren, dat nodeems et vill Kritik un der Decisioun gouf fir d’Konventioun mat der CNS ze kënnegen an hire Fuerderunge fir eng nei.
Bilderkennung op der A3: Radare kontrolléiere Covoiturage-Spuer
Op där neier Covoiturage-Spuer op der A3 solle Radaren an Zukunft erkennen, zu wéi vill een am Auto sëtzt.
Neien Accord soll d'Preventioun vun Accidenter am Bausecteur verbesseren
D'ITM an den IFSB hunn en Accord ënnerschriwwen, deen eng besser Preventioun am Bausecteur virgesäit. Haaptsächlech d’Inspektere vun der ITM sollen nach besser forméiert ginn.
Deforestatiouns-Gesetz gelockert
D’Europaparlament huet sech gëschter dofir ausgeschwat, dat ëmstriddent europäescht Gesetz géint d’Deforestatioun ze lockeren an d’Akraafttrieden ëm ee Joer ze verleeën.
Repenser notre lien au vivant
Hiweis op eng Table ronde am Cercle Cité, am Kader vun der Ausstellung “Forêt. Solitudes et solidarités”, déi am Moment am Ratskeller ze gesinn ass.
"Fäsche maachen"
Déi joerhonnertenal Technik gouf virun engem Mount op d'Unesco-Lëscht vum immaterielle Kulturierwen opgeholl.
Bommeleeër-Prozess II, eng Analys, bis elo ...
Wat ass bis dato an de 6 éischte Sëtzunge vum zweete Bommeleeër-Prozess geschitt? A kann ee sech iwwerhaapt nach eppes dovun erwaarden?
Militär aus 6 Länner um internationale Manöver an der Belsch
Bis de 5. Dezember huele 700 Militär um internationale Manöver an der Belsch deel. D'Interoperabilitéit a Kampftaktike stinn um Programm.
Eventtipp: Den Duo "Just About" spillt zu Mamer
De Lëtzebuerger Sven Sauber an d'Kanadierin Elya Craig hu sech viru gutt dräi Joer zoufälleg kennegeléiert a maachen zënterhier zesumme Musek.
Ukrain: wouhi féieren déi lafend Friddensverhandlungen?
E Gespréich mam Expert Joachim Weber, deen um Center for Advanced Security, Strategic and Integration Studies (CASSIS) op Uni zu Bonn ënner anerem iwwer d'Ukrain fuerscht.
Esou wëllt e Grupp vu Gemenge d'Enn vu Cattenom erzwéngen
Bal 50 Gemengen hu sech der Allianz géint Nuklearenergie ugeschloss. D'Zil ass et eng Verlängerung vun der Autorisatioun vun der Atomzentral vu Cattenom ze verhënneren.
Wat mécht de FOCUNA?
De Jo Kox, President vum Fonds culturel national erkläert, op wéi eng Manéier de Fong déi kulturell Aktivitéit hei am Land ënnerstëtzt.