arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Editioun 08:15
D'Croix Rouge baut en neit Gebai um Houwald. Dat ass och scho bal fäerdeg. Elo stellt sech eraus, datt dofir eng ëffentlech Ausschreiwung hätt misste gemaach ginn
Een Astrophysiker erkläert déi partiell Sonnendäischtert vu muer
Iwwer eisem Land wäerten 90 % vun der Sonnefläch muer tëschent 19:00 an 19:30 Auer fir puer Minutte vum Mound verstoppt ginn. Den Eric Buttini aus dem Naturmusée mat Erklärungen.
Michel Leytem, Direkter vun der ANF
Wéi vill Schued maachen Hëtzt an Dréchent am Lëtzebuerger Bësch? Froen un de Chef vun der Natur- a Bëschverwaltung.
Schmotzwaasser an d'Natur lafe loossen? Minettkompost weist Kritik vu sech
Léisst de Syndikat, dee sech ëm d'Verwäertung vun organeschen Offäll bekëmmert, Schmotzwaasser an d'Natur lafen? De President Jeannot Fürpass widdersprécht.
Editioun 07:15
Wärend de Canicullen am Juni an am Juli louch d'Iwwerstierflechkeet hei am Land bei 40 %, wäit ënner den Zuele vun den Nopeschlänner, geet aus enger europäescher Statistik ervir
Wéi war d'Luxembourg Fest zu Belgium an den USA?
Eise Korrespondent Philip Crowther war op der 40. Editioun vum grousse Spektakel ronderëm de Grand-Duché op där Plaz, wou d'Luxembourg American Cultural Society hire Sëtz huet.
Liichtathletik-EM: Kann een op eng Medail hoffen?
Mir schwätze mat der Presidentin vun der Liichtathletik-Federatioun, Stéphanie Empain, iwwer déi Lëtzebuerger Presenz op der EM zu Birmingham.
Rumänesch Beamte begleeden d'Police locale an der Stad
Zënter dräi Méint begleeden zwee rumänesch Polizisten d’Lëtzebuerger Police an der Uewerstad op hire Patrullen.
Editioun 08:15
D'AMMD wäert keng Konventioun mat der CNS ënnerschreiwen, dozou ginn et Kommentaren an den Zeitungen, an och iwwer d'Ofwaasserproblemer beim Minett-Kompost
Net just Postkaarten (mee och)
Am Stater Cercle Cité ass eng Expo am gaangen, déi d’Touriste bei hiren Aktivitéite beliicht, an zwar aus dem Bléckwénkel vu bekannte Lëtzebuerger Fotografinnen a Fotografen.
Serge Legil, Generaldirekter vun der Prisongsverwaltung
D'Zuel vun de Prisonnéier ass an der Lescht staark gewuess. Mir froen no, ob geschwë schonn nees en neie Prisong muss gebaut ginn.
Wéi war d'Luxembourg Fest zu Belgium an den USA?
Eise Korrespondent Philip Crowther war op der 40. Editioun vum grousse Spektakel ronderëm de Grand-Duché op där Plaz, wou d'Luxembourg American Cultural Society hire Sëtz huet.
Editioun 07:15
Fënnef Baachen hei am Land hu kee Waasser méi an zwou nëmme méi ganz wéineg: Dat gëtt een haut an den Zeitunge gewuer. Donieft gëtt et am Stau am Moment kee Problem
Editioun vum Weekend
"Ass an ärem neien Elektroauto vläicht schonn en ageschmolte Jesus agebaut?" - déi Fro stellt d'Tageblatt haut
30 Joer e-lake: Wéi vill Opwand stécht hanner dem Festival?
De Pit Beffort schwätzt mat den Organisateuren iwwer d'Geschicht vum Festival an aktuell Erausfuerderungen.
De 6. August viru 35 Joer gouf Internetgeschicht geschriwwen
Mir kucke mat der Valérie Schafer, Spezialistin fir Internetgeschicht op der Uni.lu zréck op déi éischt Websäit iwwerhaapt a froen si wéi den Tim Berners-Lee de Web vun haut gesäit
Editioun 08:15
Fir d‘Liichtathleetik-EM dierfe verschidde Kamera-Astellungen net méi gemaach ginn, fir ze verhënneren, datt Biller vu Sportlerinne sexistesch ausgenotzt ginn, liest een am Wort.
Krisesëtzung: wéi geet et um Rhäin (an op der Musel) weider?
De Rhäin steet mëttlerweil op ville Plazen historesch déif. Gëschter gouf zu Bonn no Léisunge gesicht fir den Impakt op d'Wirtschaft kleng ze halen.