De Präis vum Gold hat d’lescht Woch ee Rekord vu bal 5.600 US-Dollar pro Onz (ronn 31 Gramm) erreecht. An den Deeg duerno goufen et gréisser Verloschter bei dësem Edelmetall.
Wat muss een an dësen Zäiten als Privatpersoun wësse wann een a Gold wëllt investéieren, a wat iwwer d’Entwécklunge beim Goldpräis? Doriwwer huet de Serge Kesseler mam Investment- a Portfolio-Manager Bryan Ferrari aus dem Beräich Private Banking bei der Spuerkeess geschwat.