Rechtlech gesi gouf déi ganz Insel 2004 Member vun der EU - faktesch awer blouf d’Insel am Mëttelmier zanter der Interventioun vun der Tierkescher Arméi am Joer 1974 gedeelt.
Zanter iwwer 50 Joer gëtt et am Norden déi international net unerkannten Tierkesch Republik Nordzypern an am Süden d’Republik Zypern, dee vun alle Länner, ausser der Tierkei, unerkannt gëtt.
D’Vereente Natiounen vermëttelen zanter Joerzéngten an deem Konflikt, en vue vun enger Reunifikatioun vun der Insel.
Ass do méi dran an nächster Zukunft? D’Presidence vun der Europäescher Unioun kéint hëllefen, hoffe Verschiddener. Ma d’Land selwer wëll sech haut anescht als eent, wat eng Obsessioun mat der tierkescher Besatzung huet, verkafen.
D’Danièle Weber war déi lescht Woch fir den Optakt vun der Presidence zesumme mat aneren EU-Korrespondenten op Invitatioun vun der zypriotescher Regierung op der Plaz an huet dëse Reportage mat bruecht.