Dës Woch feiert d’Plattform Wikipedia hire 25. Gebuertsdag. Eigentlech jo e Grond fir ze feieren. MEE d’gratis Online-Enzyklopedie stécht an enger Kris. A Schold drun ass déi Kënschtlech Intelligenz. D’Leit froen ëmmer méi dacks Chatbots amplaz Wikipedia oder eng Sichmaschinn no Informatiounen.
Wéi geet et fir d’Plattform weider, dat froe mir de Jean-Louis Gindt vun der ASBL Wikimedia Lëtzebuerg.