arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
5 Joer nom Brexit: Wëllt Groussbritannien der EU nees méi no kommen?
Mir froen eis Korrespondentin Marie Billon, wat d'Regierung zu London wëlles huet.
Darts-WM: wéi grouss ass d'Chance vum Titelverdeedeger op eng nei Victoire?
Zu London gëtt um Samschdeg (3.1.) d'Finale gespillt. Mir schwätze mam Sekretär vun der Lëtzebuerger Darts-Federatioun, de Jim Mayer, iwwer déi aktuell Editioun vum Tournoi.
Tubakssteier: Longebréidercher mat batterem Nogoût
En Iwwerbléck iwwer d'Diskussioun ëm d'Tubaksaccisen. Wärend déi eng sech iwwer wichteg Recettë freeën, kritiséieren anerer deen niddregen Tubakspräis am internationale Verglach.
105 Joer KPL: Wéi wëllen d'Kommunisten relevant bleiwen?
D'Kommunistesch Partei feiert muer, 3.1., hiren 105. Anniversaire. Mir froen hire President Ali Ruckert, wéi d'KP nees méi Gewiicht an der ëffentlecher Diskussioun wëllt kréien.
30 Joer EBS - Incontournabel, mee mat Virsiicht ze genéissen
Virun allem Bréisseler Korrespondente kennen den European Broadcasting Service an ass aus hirem Alldag net ewechzedenken. Mir kucken hanner d'Kulissen.
Bulgarien trëtt dem Euro bäi
Vu Mëtternuecht u kann een a Bulgarie mam Euro bezuelen. Ass dat eng gutt Nouvelle fir déi bulgaresch Wirtschaft? Mir hunn den Ekonomist Gregory Ganev gefrot.
E ganze Mount op Alkohol verzichten
Dat ass d'Zil vum Dry January. D'Konzept verbreet sech zanter 12 Joer uechter d'Welt. De Lëtzebuerger Gesondheetsministère lancéiert et och elo offiziell hei am Land.
Freedefeier: An deene meeschte Gemengen ass et och op Silvester verbueden
Mir hu nogefrot op sech un d'Verbuet gehal gëtt, a wéi eng Strofen et ginn wann een erwëscht gëtt.
2025: D’Joer, an deem d’Brandmauer no riets am EU-Parlament fällt
2025 ass d'EU zeréckgeruddert: Gesetzer vum Green Deal goufen nogebessert. Fir dat Ëmzesetze war deels d’Hëllef vu rietsen a riets-extreeme Parteien néideg.
D'Grenzkontrolle hunn 2025 fir Tensioune mat Däitschland gesuergt
De Pit Beffort bléckt zeréck op een éischter schwieregt Joer fir déi däitsch-Lëtzebuerger Relatiounen.
Caritas-Affär: D'Joer vun éischte Festnamen a Konsequenze bei der BCEE
Am Joer nodeems de Finanzbedruch bei der Caritas opgeflunn ass, konnt d'Justiz éischt kleng Erfolleger mellen. An d'Spuerkeess ass dëst Joer ënner Drock geroden.
Al Protheese fir de gudden Zweck
Handicap International sammelt där medezinescher Apparater, fir se op Plazen ze bréngen, op deenen d’Leit keen esou gudden Zougang zu Gesondheetsservicer hunn.
Recht op Ofdreiwung an der Verfassung: Den Debat huet 2025 gepräägt
Wéi sinn d'Debaten vun de Parteien an der Zivilgesellschaft ronderëm déi Gesetzespropos verlaf?
Dossier Santé: Konflikter, Reformen an nach vill oppe Froen
An de leschte Méint hunn d'Diskussiounen iwwer de Lëtzebuerger Gesondheetssystem an de Medien dominéiert. Firwat sech den Dossier Santé nom Summer zougespëtzt huet.
Bléck zeréck: Virun 30 Joer ass de Bosniekrich op en Enn gaangen
Virun 30 Joer ass dee sougenannte Bosniekrich formell op en Enn gaangen. Mat eisem Archivist Gilles Schreurs kucke mir zeréck, wéi een Impakt dee Konflikt op Lëtzebuerg hat.
De Chômage geet an d'Luucht, mee firwat?
Mir froen d'Direktesch vun der ADEM, d'Isabelle Schlesser.
Wat ass eigentlech d'Vierschanzentournee?
Den Owend ass den Optakt vun der 74. Editioun vun der Vierschanzentournee. Fir Fans vum Schisprangen ass dëst Event ronderëm de Joreswiessel eent vun den Highlighte vum Joer.
Waasserkillsystem fir Google-Datenzenter gouf verworf
Dat geet aus der Ëmweltimpaktetude zum Projet ervir, déi den Ëmweltministère Mëtt Oktober verëffentlecht huet. De Jacques Ganser huet d'Dokument méi genee ënner d'Lupp geholl.