arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Editioun vun 08:15
Mat ë. a. de Sujete Giischtercher an de Prisongen, e Rack géint Haassried a Post aus Lëtzebuerg fir politesch Prisonéier a Russland
"Feuerwerksmusik" 2026
Den Erny Delosch huet dëst Joer d'Musek fir d'Freedefeier um Virowend vun Nationalfeierdag geschriwwen. Am Interview verzielt hien, wéi hien dobäi virgaangen ass.
Asylpak: wat hätt Lëtzebuerg missten anescht maachen, Noémie Sadler?
An der Suite vum Weltflüchtlingsdag vum 20. Juni schwätze mir mat der Presidentin vun der consultativer Mënscherechtskommissioun CCDH iwwer déi nei Asylreegelen.
Canicule: eng grouss Belaaschtung fir de CGDIS
De Generaldirekter Paul Schroeder erkläert, firwat d'Kombinatioun vu grousser Hëtzt an Nationalfeierdag dem CGDIS vill Suerge maachen.
Editioun vun 07:15
Mat ë. a. de Sujete Giischtercher an de Prisongen, e Rack géint Haassried a Post aus Lëtzebuerg fir politesch Prisonéier a Russland
De Bléck an d'Zeitungen
De Grand-Duc Guillaume an de Gérard Schockmel stinn haut am Fokus vun den Zeitungen.
EU-Budget: Wäit ewech vun engem Accord
Méi oder manner Suen an d'Bréisseler Keess? Den EU-Budget suergt fir schwiereg Diskussiounen ënner de Memberlänner.
Verdachtsfäll vu sexuellem Mëssbrauch: Wéi ginn d'Schoulen domat ëm?
Éier d'Justiz agräife kann, mussen Alarmsignaler erkannt ginn. D'Psychologin Florence Gerges erkläert, wéi Schoulen op Verdachtsfäll reagéieren.
An 3 Wochen um Vëlo queesch duerch Europa - de Ralph Diseviscourt ass prett
De Lëtzebuerger Extreemsportler start ëm Mëtternuecht d'Nordkap-Tarifa-Course queesch duerch Europa. E puer Stonne virum Depart ass hien eis aus dem Norde vun Norwegen zougeschalt.
Editioun 08:15
Den OGBL a seng Parteivirléiften, en Tëschefall an engem Stater Bus a Kritik vun IDEA un den Energiemesuren, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Iran-USA-Accord: Wéi sécher ass d'Wafferou?
Béid Säiten hu virgëschter e prinzipiellen Accord ënnerschriwwen, mee haut sinn nach weider Gespréicher an der Schwäiz geplangt. Mir kucken, wéi eng Froen nach musse gekläert ginn.
Wat leeft haut op der Fête de la Musique?
De Pit Walté huet sech de Programm fir eis ugekuckt.
Dr. Marc Berna, Direkter vum HRS
D'Hôpitaux Robert Schuman plangen eng Struktur fir ambulant Chirurgie op der Cloche d’Or. Ass dat d'Zukunft vun de Spideeler?
Nowalen an England: Zu Makerfield steet Zukunft vu Labour um Spill
Eis Korrespondentin Marie Billon analyséiert d'Resultat vun der Nowal a wat se fir d'Labour-Partei bedeit.
Editioun 07:15
Den OGBL a seng Parteiviirléiften, en Tëschefall an engem Stater Bus a Kritik vun IDEA un den Energiemesèren, dat sinn d'Themen an der Presserevue
115 Lëtzebuerger Entreprisen engagéiere sech fir d'Mënscherechter
Zënter 2022 verginn den Ausseministère an d'Chambre de Commerce e Label fir Entreprisen, déi sech engagéieren d'Mënscherechter ze respektéieren. Mir hu mat zwou vun hinne geschwat.
Lëtzebuergesch schreiwen a liichter Sprooch
Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) huet e Reegelwierk publizéiert, dat hëllefe soll Texter esou ze formuléieren, datt se fir e méiglechst breede Public verständlech sinn.
300 politesch Lidder vu Lëtzebuerg
Deen 2. Band vun der Liddersammlung mam Titel "Georgely" ass e Sträifzuch duerch 200 Joer Lëtzebuerger Geschicht. De Georges Urwald huet d'Selektioun gemaach.