arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Tour de Luxembourg
E Bilan vun der 2025er Editioun mam Tour-Direkter Andy Schleck a mam Michel Ries, deem seng Ekipp Arkea B&B Hotels méiglecherweis virum Aus steet.
Infektiounskrankheeten
D'Inspection sanitaire huet de Rapport épidémiologique vun 2024 publizéiert. Erklärungen dozou vum Spezialist Joël Mossong.
De Gérard Schockmel ass net domat averstanen den Avortement an d'Verfassung anzeschreiwen
Als éischte Majoritéitsdeputéierte verréit den DP-Politiker an Dokter, datt hien net mat enger Aschreiwung vun der Ofdreiwung an d'Verfassung averstanen ass.
Speed Dating an der Brasserie Guillaume
Fir all déi, déi nach op der Sich no der grousser Léift sinn.
Fro vun der Woch
Wat ass déi eng Saach, déi Dir um Lëtzebuerger Schoulsystem géift änneren? Den Educatiounsminister Claude Meisch reagéiert op déi Punkten, déi am dacksten ernimmt goufen.
Haut virun 32 Joer war d'Gebuertsstonn vum Radio 100,7
Mir lauschteren an déi alleréischt Sendungen vun deemols eran.
Ouverture vum GRIDX an der Gemeng Reckeng
Ee vun de gréisste Bauprojeten zu Lëtzebuerg huet gëschter seng Dieren opgemaach. De Carlo Müller, Buergermeeschter vu Reckeng, ass live zougeschalt. Wéi gesäit hien de Projet.
Ofdreiwung an der Verfassung: DP poposéiert neie Wording
D'DP-Presidentin an -Deputéiert Carole Hartmann mengt et wier besser vun enger "Fräiheet fir ofzedreiwen" wéi vun engem "Recht op Ofdreiwung" ze schwätzen.
Event-Tipp: Tempus Mediaevale
Dëse Weekend (20. an 21.9.) kennt Dir an der Zäit zeréckgoen um Mëttelalterfest zu Käerch.
Event-Tipp: Vëloreparatur Workshop
Fir déi Leit, déi nach e futtisse Vëlo doheem stoen hunn, oder déi gäre méi wësse wëllen iwwer d‘Reparatur vum Vëlo, kenne muer(18.09.) ob Diddeleng fueren, op de Site Nei Schmelz.
ONA-Strukturen: Wéi ass d'Situatioun?
De Familljen- an Acceuilsminister wollt mam Pilgertaf duerch d'Land zéien, fir ONA-Strukturen opzemaachen. Wou sinn déi Strukturen drun? Mir hu recherchéiert.
Staatsvisitt vum Donald Trump a Groussbritannien
Den Donald Trump gouf gëschter zu Windsor vum Kinnek Charles a senger Fra Camilla empfaangen. De Phillip Crowther ass op der Plaz a mécht een éischten Tëschebilan.
Gaza: Appell vun Médecins sans frontières
Zesumme mat aneren ONGen huet MSF sech gëschter un déi international Staategemeinschaft geriicht fir all Mëttelen ze notzen, fir dem Krich a Gaza en Enn ze setzen.
Event-Tipp: Vëloreparatur Workshop
Fir déi Leit, déi nach e futtisse Vëlo doheem stoen hunn, oder déi gäre méi wësse wëllen iwwer d‘Reparatur vum Vëlo, kenne muer(18.09.) ob Diddeleng fueren, op de Site Nei Schmelz.
Ëmstridde Staatsvisitt: Den Donald Trump ass a Groussbritannien
Eise Korrespondent Philip Crowther mellt sech vun der Plaz.
Drauwelies 2025
D'Wënzer:inne stellen sech op e gudde Cru an, mussen an Zäite vu Klimawandel a manner Alkoholkonsum awer och no Weeër sichen, fir sech op d'Zukunft virzebereeden.
Recht op Ofdreiwung: Stëmmt d'Chamber geschwënn of?
D'Aschreiwung vum Recht op eng IVG an d'Verfassung ass onerwaart en Haaptsujet vun der politescher Rentrée ginn. Froen un den Deputéierte Marc Baum (déi Lénk)