Scho fir d’4. Kéier erlieft d’Ukrain e Joreswiessel am Krichszoustand. D’Aussiichten op e Fridde bleiwe vague. Et gëtt och no där neiester Reunioun tëscht dem US-President Trump a sengem ukraineschen Homologue Selenskyj an der Nuecht a Florida keng konkret Resultater. Russland géif nämlech weiderhin blockéieren. An e Friddensplang ka just zustane kommen, wann all Säite mat zéihen.
Eise Korrespondent Philip Crowther mellt sech aus Palm Beach a Florida mat den Detailer.