D’EU fënnt ee Kompromëss fir d’Ukrain an den nächsten zwee Joer 90 Milliarden Euro zoukommen ze loossen, ouni dobäi déi russesch Staatssuen, déi zënter dem Krich an der Ukrain an der EU blockéiert sinn, ze benotzen.
De Plang gesäit vir, datt d’EU selwer Scholde mécht. Dobäi géifen awer net all déi 27, mee just 24 Memberlänner matmaachen.
Eng wichteg Zouso fir d’Ukrain, mee eng politesch Néierlag fir den däitsche Kanzler Merz an d’Kommissiounscheffin von der Leyen, déi sech mat vill Ongeschéck dofir agesat hunn, datt dat russescht Staats-Verméigen déi eenzeg Léisung fir ee Finanzement vun der Ukrain wier.
Eng Analys nom EU-Sommet vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.