arrow_back_ios
search
Episoden
Bilan vum LuxFilmFest
De Jeff Schinker aus der Kulturredaktioun kuckt op d'Editioun 2026 zeréck. Gewënnerfilm ass den nigerianeschen My Fathers’s Shadow vum Akinola Davies Jr.
Gemengewalen a Frankräich
Gëschter waren a Frankräich d’Gemengewalen. Déi politesch Kris vun de leschte Joren huet sech an enger niddreger Walbedeelegung zeréckgespigelt.
Affär Wilmes: Zwee Patiente schwätzen iwwer hir Erfarungen
De Radio 100,7 huet mat zwee Patiente geschwat, déi vun de lafende Prozeduren an der Affär Wilmes concernéiert sinn.
Rekordverloscht beim COSL
Knapp eng Millioun Euro Perte huet den olympesche Comité d'lescht Joer gemaach. De Michel Knepper gëtt Erklärungen a kuckt op säin éischt Joer als COSL-President zeréck
Bilan vun de LuxFilmFest-Kompetitiounen
De Michel Delage zitt de Bilan vun der offizieller Kompetitioun (Fiktioun) an der Documentaire-Kompetitioun.
Jonk Fuerscher Contest
Beim Jonk Fuerscher Contest presentéiere jonk Talenter tëschent 11 an 21 Joer hir eege Fuerschungsprojete virun enger Jury.
12 Joer Anne Hidalgo zu Paräis
Wéi huet déi franséisch Haaptstad sech verännert?
KI-Dësch: Kënschtlech Intelligenz am Déngscht vum Mënsch
D‘KI bréngt vill Chancen, mee och vill Risike fir den Aarbechtsmaart mat sech. Doriwwer hunn d‘Regierung, d‘Gewerkschaften an d‘Patronat um éischte KI-Dësch diskutéiert.
Wéi ass d'Lag un der Strooss vun Hormus?
Wéi ass d'Lag un der Strooss vun Hormus?
5 Live in concert
De Bassist Heng Kleren iwwer d'Konzept an d'Zesummesetzung vu senger neier Band, déi haut um 20:00 Auer am Leeë-Sall zu Welleschten hiren 3. Concert spillt.
Pëtrol klëmmt, Gas stabil
Den Erik von Scholz, CEO vun Enovos, berouegt seng Clienten. Anescht wéi Bensinn, Diesel a Masutt géife Gas a Stroum kuerzfristeg net wéinst dem Krich méi deier ginn.
Deontologie-Reegele fir Gemengepolitiker: Net iwwer d'Zil erausschéissen!
De SYVICOL ass Demandeur fir deontologesch Reegelen ze kréien; d'Virschléi vun der Regierung ginn dem Syndikat awer ze wäit, erkläert säi President Emile Eicher.
Fusioun am Fleegesecteur
D’Rout Kräiz huet seng zwee Fleegedéngschter “Doheem versuergt” an HELP fusionéiert. De Generaldirekter Michel Simonis erkläert firwat.
Pëtrol klëmmt, Gas stabil
Den Erik von Scholz, CEO vun Enovos, berouegt seng Clienten. Anescht wéi Bensinn, Diesel a Masutt géife Gas a Stroum kuerzfristeg net wéinst dem Krich méi deier ginn.
Bis zu 40 Euro Erspuernisser an eng Kaffisreserve uewendrop
1,65 Euro fir e Liter 95er Bensinn an 1,82 Euro fir e Liter Diesel: Trotz Héchstwäerter op den Tankstelle bleift den Ausfluch op Lëtzebuerg fir Grenzgänger rentabel
Ëmweltproblem Autospneuen
Dee bei Wäitem gréissten Deel vu Mikroplastik, deen an d'Natur geréit, ass op d'Ofnotzung vun Autospneuen zeréckzeféieren. De Camille Müller vun oekotopten.lu erkläert.
Der LASEP feelt et u Personal fir Schüler:inne beim Sport ze betreien
Mir froen d'LASEP-Presidentin Nicole Kuhn-Di Centa, wat een dogéint kann ënnerhuelen.
EU-Kontroll vu Finanzmäert: Lëtzebuerg seet weider Nee
Zentral EU-Kontrollagence fir Finanzmäert: Lëtzebuerg ass weider dergéint, gëtt awer net vu ville Länner ënnerstëtzt.