arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Lumpy-Skin-Disease
Déi héich ustiechend Viruserkrankung grasséiert zanter Enn Juni bei Ranner a Frankräich, Spuenien an Italien. Wéi héich ass de Risiko datt d'Krankheet hire Wee op Lëtzebuerg fënnt?
Jazz am Gudde Wëllen
Dëse Samschdeg a Sonndeg gëtt et Jazz am Gudde Wëllen. Wéi déi lescht Jore spillen op deenen zwee Deeg d’Lëtzebuerger Museker Pascal Schumacher, Greg Lamy, Marc Demuth a Jeff Herr.
Affekot vum Jos Nickts rifft 100,7 dozou op säi Mandant net méi ze nennen
Den Affekot vum Jos Nickts rifft verschidde Medien dozou op fir den Numm vum Ex-President vun der Bréifdréieschgewerkschaft net méi ze nennen. Erklärunge vum 100,7-Chefredakter
Zwee Joer CSV-DP: Wéi bewäert de Vizepremier d'Zesummenaarbecht?
Mir froen de Xavier Bettel a schwätzen hien och op aktuell aussepolitesch Sujeten un.
No der AG vun der AMMD
Froen un den Dr. Chris Roller, President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren
Protestpiquet virun der Chamber
Am Virfeld vun der Debatt iwwer d'Ouvertureszäiten am Commerce weisen OGBL an LCGB nach eemol hir Onzefriddenheet mam geplangte Gesetz.
Ëmstridde Gesetzer ginn haut gestëmmt
Op hirem leschte Sëtzungsdag fir dëst Joer stëmmen d'Deputéiert haut ë. a. iwwer d'Sonndesaarbecht am Commerce, d'Ouvertureszäite vun de Geschäfter an d'Pensiounsreform of.
Eventtipp: Lëtzebuerg Quiz Night
Bei de Minettsdäpp zu Esch kennt Dir den Owend (18.12.) beim Quiz-Owend iwwer Lëtzebuerg matmaachen.
Wat fuerderen d'Grenzregiounen aktuell vu Lëtzebuerg?
Mir froen dëst de franséische Senateur Olivier Jacquin.
Aus fir de Verbrenner-Aus
D’EU-Kommissioun huet Pläng fir d’Enn vun de Verbrennungsmotore virgestallt. Mir schwätzen doriwwer mam Mobilitéitsexpert vum ACL, dem Frank Maas.
De Stater Conservatoire kritt fir déi nächst Rentrée en neien Direkter
De Marc Meyers huet annoncéiert, datt hie säi Posten no 15 Joer als Direkter wëllt fir d'Rentrée 2026 opginn. De Member vum Staatsrot wëllt awer am Conservatoire bleiwen.
Awer kee Verbrenner-Aus? D'Reaktioun vun der ADR
D'ADR huet dat, wat d'EU-Kommissioun elo proposéiert, an der leschter Walcampagne op Plakater gefuerdert. Den Deputéierten Tom Weidig misst deemno zefridde sinn. Ass hien dat och?
Muechtverhältnisser tëschent Natur a Mënsch
Haut den Owend, 17.12., invitéiert den Nationalmusée an de Musée Dräi Eechelen op eng Table ronde.
Déi wichtegst brittescht Agentin virum Mikro
Déi nei Cheffin vum britteschen Auslandsgeheimdéngscht MI6 - déi éischt Fra op deem Posten - huet elo hiren éischten Interview ginn. Eng Analys vum Marie Billon
10. Editioun vum Makerfest
Op där Foire am Forum Geesseknäppche kënne Kanner a Jugendlecher iwwer eng sëllegen Aktivitéiten d'Welt vun den neien Technologien a vum Handwierk entdecken.
Impfung ass nach méiglech
D’Grippewell kéint dëse Wanter och hei am Land méi hefteg gi wéi an de Jore virdrun, seet den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit.
Den Aus vum Verbrenner-Aus?
D'EU-Kommissioun kéint ee Réckzéier annoncéieren a proposéieren de Verbuet vum Verbrenner-Moteur, dee virun dräi Joer decidéiert gouf, nees réckgängeg ze maachen.
Stressbewältegung am Familljendag
Mir stellen Iech e Workshop fir Stressbewältegung am Familljendag vir, organiséiert vun der Eltereschoul.