arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Editioun 8h15
De Marc Spautz schléisst eng Kandidatur 2028 net aus an d'Zukunft vun der Gantebeensmillen hänkt mam Kindy Fritsch zesummen.
Zuel vu Fraen an der Arméi erreecht 20-järegen Héchststand
Dëst Joer goufen esouvill Zaldotinne vereedegt wéi zënter iwwer 20 Joer net méi.
Alexander Flassak, Generaldirekter vu Lux-Airport
De Lëtzebuerger Flughafe soll an den nächste Joren ausgebaut ginn. Mir froen de CEO vun der Bedreiwergesellschaft, wat genee geplangt ass.
EU-Reunioun haut: Firwat wollten dausende Persounen aus Marokko op Ceuta?
Déi 27 EU-Inneminister kommen haut fir eng urgent Reunioun zesummen, nodeems virum Weekend zéngdausende Leit probéiert hu vu Marokko aus an déi spuenesch Exklav Ceuta ze kommen.
Editioun 7h15
Et ginn éischt Jugementer an der Immigratiounsaffär: dräi Persounen aus Montenegro, déi mat falsche Pabeieren eng Openthaltsgeneemegung kritt hunn.
Fussball: "Biissen a Walfer sinn dräi oder véier verschidde Welten"
Wat sinn d'Ziler vum Opsteiger Walfer an der neier Saison? Mir hunn Äntwerte vum Walfer Consultant Charel Schloesser.
D'Campinge profitéiere vun der Hëtzt
2026 wier ee fantastescht Joer fir d'Lëtzebuerger Campingen. Vill Touriste géife wéinst der aktueller Situatioun am Süde vun Europa hir Vakanzen hei am Land verbréngen.
Editioun 8h15
Déi illegal Rave-Party d'lescht Joer zu Hengescht kritt e juristescht Nospill: 63 Persoune musse sech am November virum Policegeriicht zu Dikrech veräntwerten.
Filmtipp: "The Christophers"
Mat sengem Fälscher-Drama geet de Steven Soderbergh dem Wiese vun der Konscht op de Fong.
Diane Adehm, CSV-Buergermeeschtesch vun Hesper
Mir froen d'CSV-Politikerin, wéi si no ville Kontroversen nees Rou an d'Hesper Gemeng brénge wëllt.
Bestëmmte KI-generéiert Contenue kréien ee Label
Zanter e Sonndeg sinn nei Reegelen aus dem europäeschen AI-Act a Kraaft. D'Medienopsiicht ALIA wäert doduerch nei Missioune kréien. Wéi eng, erkläert den Théo Antunes.
Editioun 7h15
De Gary Diderich an d'Ana Correia da Veiga huelen an der Chamber d'Relève vun den zwee Deputéierte vun déi Lénk, Marc Baum an David Wagner.
Editioun vum Weekend
DP-Ministerin Stéphanie Obertin, d'National Archiven an de Kanal ënner der Uelzechtstrooss zu Esch sinn d'Opmaacher an der geschriwwener Press.
Zënter iwwer engem Joer ass am Weier op der Kockelscheier kee Waasser méi
U sech sollt schonn zënter Ufank des Joers nees Waasser am Brakeweier sinn. Mee firwat ass dat net de Fall a wéini kann een domat rechnen, datt de Weier nees gefëllt gëtt?
Firwat ginn an der däitscher Autosindustrie grad massiv Plazen ofgebaut?
Firwat ginn an der däitscher Autosindustrie grad massiv Plazen ofgebaut? A wéi eng Roll spillt China dobäi?
Editioun vun 08:15
Krankeschäiner wéinst Depressiounen, an d'Fifa an d'Kommerzialiséierung - weider Sujeten an den Zeitunge vun haut
Pëtrolspräis an Niddregwaasser: d'Lag op den Tankstellen
De Krich am Noen Oste kritt keen Enn an de Rhäin ass keen zouverlässegen Transportwee méi. Mir schwätze mam President vum Tankstelleverband GEML iwwer aktuell Erausfuerderungen
Isabelle Schlesser, Direktesch vun der ADEM
Wéi ass d'Situatioun um Aarbechtsmaart? Mir froen d'Direktesch vun der Aarbechtsverwaltung