arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
25 Joer um Troun: Wéi zitt de Grand-Duc Henri säi Bilan?
Dëse Weekend gëtt den ronnen Trounjubiläum gefeiert. Et ass ee vun de leschte groussen ëffentlechen Optrëtter vum Grand-Duc Henri.
D'Situatioun vun de Réfugiéën hei am Land
Um Weltflüchtlingsdag froe mir den Alessandro Morini vum Flüchtlingsrot wéi et hei am Land deene Mënsche geet, déi hiert Doheem hu misste wéinst Krich a Krise verloossen.
Michel Simonis: "Et feelt dramatesch u Plazen"
D'Rout Kräiz confirméiert, datt et Problemer an de Strukture fir Flüchtlingen an Asyldemandeure ginn.
Bloalgen am Stau
Fir d'Jugendherbeg vu Lëlz, déi haaptsächlech vu Waassersportaktivitéite lieft, ass de Schwammverbuet eng kleng Katastroph. De Gérant Dylan da Silva erkläert firwat.
Wéi erliewen Iraner:innen zu Lëtzebuerg de Krich am Iran?
D’Shabnam lieft zënter iwwer 40 Joer net méi am Iran, mee hir Famill a Frënn liewen awer nach do. Den Arman koum iwwerdeems eréischt virun 2 Joer aus dem Iran op Lëtzebuerg.
Edutrends: Beruffsausbildung vu muer
Ee Véierel vun de Beruffer wäerte sech 2030 geännert hunn, et heescht elo d'Beruffsausbildung ze iwwerdenken.
Orientéierung: wéi fannen ech d'Sektioun, déi bei mech passt?
Am Secondaire classique gëtt et mëttlerweil eng Hellewull u spezialiséierte Sektiounen. Wéi fënnt een do säi Gléck a firwat gëtt et iwwerhaapt souvill Choix?
Goerens-Rapport ofgeleent
D’Europaparlament huet mat Stëmme vun EVP an Extrême-droite e Rapport vum Charles Goerens zréckgewisen. Wéi reagéiert de liberalen Europadeputéierten?
DAB+ an der Schwäiz
Déi digital terrestresch Diffusioun vu Radiosprogrammer ass an der Schwäiz scho laang Realitéit. Déi ëffentlech-rechtlech SRG huet den UKW schonn ofgeschalt.
Fligertracking: Eng onprezis Wëssenschaft
Eng Cargolux-Maschinn soll trotz gespaartem Loftraum iwwer den Iran geflu sinn. Schold un dëser Feelinformatioun sinn d'Limitte vum digitalen Tracking.
McGill University kënnt op Lëtzebuerg
Vum Dezember u proposéiert déi renomméiert kanadesch Uni e Master an der Finanzgestioun hei zu Lëtzebuerg. De Patrick Augustin, Lëtzebuerger Proff op der McGill, erkläert.
Alfred Brendel ass dout
D'Welt vun der klassescher Musek trauert ëm ee vun de ganz grousse Pianisten: de Luc Boentges erënnert un den Alfred Brendel, dee gëschter am Alter vu 74 Joer gestuerwen ass.
Ägyptesch Autoritéite verhënnere friddleche Protestmarsch
Temoignage vun 5 Lëtzebuerger aus Ägypten
Wéi lieweg ass d'Groussregioun wierklech?
Zanter 10 Joer gëtt et d'Haus vun der Groussregioun. Mir froen d'Direktesch Florence Jacquey, wat do geschitt ass a wéi et der Groussregioun geet an Zäite vu Grenzkontrollen.
Uran uräicheren: wéi geet dat?
Fir atomar Sprengkäpp kënnen ze bauen, brauch een Uran, deen awer muss ugeräichert ginn. Wéi dat geet, erkläert de Guillaume Trap vun der Fondation Jeunes Scientifiques.
Firwat sinn d'Bloalgen dëst Joer esou fréi drun?
Mir hu beim Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) nogefrot
Sträit am Escher Gemengerot
Et gëtt Sträit am Escher Gemengerot - Grond ass deen neie Vëloswee duerch d’Kanalstrooss.
Als ausgestuerwe gegollt an elo ass se nees opgetaucht: Dat grousst Glaskraut
D'Botaniker vum natur musée hunn déi extreem siele Planz, d'Glaskraut, direkt bei hinne virun der Dier fonnt. De Guy Colling vum natur musée erkläert.