arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Demokratie vu Klengem un: Klasserot an der Primärschoul
Demokratesch wielen, wou et op den Ausfluch geet oder wéi ee Spill an der Paus gespillt gëtt - dat geet zu Suessem am Klasserot.
D'Enn vum Café Waxweiler
Zu Bettenduerf gëtt d’Gebai vun engem fréier ganz beléifte Café ofgerappt. De Café Waxweiler, deen 1900 entstanen ass, mécht elo Plaz fir e Parking.
Drone fir medizinesch Prouwen ze transportéieren
Gëschter koum et zu engem méi erfreelechen Asaz vun enger Dron, net fir militäresch Zwecker. Eng Dron huet nämlech Bluttprouwe vum Kierchbierg op Jonglënster transportéiert.
Generatioun Z
D'Chambre de Commerce huet e Guide erausgi fir Patronen, déi jonk Leit vun där Generatioun (Joergäng 1997 bis 2012) astelle wëllt. Explikatioune vun der Muriel Morbé
Neit Lidd vum Serge Tonnar
"La même destination" ass den Titel vum Lidd, dat a Collaboratioun mam Adee, engem Artist aus dem Senegal, entstanen ass.
Lëtzebuerg bei der Scrabble-Weltmeeschterschaft
De Garcia Ndunga vertrëtt de Grand-Duché an de Scrabble-Club Beggen bei der Competitioun am Québec
Onkloerheeten beim iPad Modell fir Lycéeën
Nieft der Handynotzung soll och d’iPad-Notzung am schoulesche Kontext ageschränkt ginn.
Caritas-Affär: Parlamentaresch Conclusiounen
Ee Joer nodeems de Skandal opgeflunn ass huet d'Chamber iwwer hir Conclusiounen diskutéiert.
Fluchpassagéier kënnen elo Plainten iwwer myguichet ausfëllen
Well et méi Uspriechpartner gi fir déi verschidde Prozeduren, gouf gëschter fir den Optakt vun der Vakanzesaison eng Vereinfachung virgestallt.
Trotz schwieregem Kontext kuckt Médecins du Monde positiv op 2024 zeréck
D'ONG huet eegenen Aussoen no d'lescht Joer méi Done kritt wéi d'Joer virdrun, trotz der Caritas-Affär. Wéinst interne Schwieregkeete gouf sech och restrukturéiert.
Son Triomango
Wéi kënnt e Lëtzebuerger Batteur bei eng Salsa-Band am Süde vu Frankräich? E Gespréich mam Al Lenners, dee mat der Formatioun fir zwee Concerten op Lëtzebuerg kënnt.
Nei Späicherstrategie: Wat réit d'Klima-Agence de privaten Utilisateuren?
Mat enger Späicherstrategie wëllt Lëtzebuerg den Ausbau vu Batterien am Stroumreseau ënnerstëtzen. De Fenn Faber vun der Klima-Agence gëtt dozou Detailer.
Conclusiounen aus dem Rapport vun der Caritas-Spezialkommissioun
Wéi eng gi spannend? De Mëtteg stinn d'Debaten an der Chamber iwwer de Rapport vun der Caritas-Spezialkommissioun un. Wat gëtt sech erwaart?
Reunioun vun de Sozialpartner
Wéineg Resultater, trotz Diskussioune vu ronn 11 Stonnen tëschent Regierung, Gewerkschaften a Patronat
Diddelenger Déierenasyl
D'Vakanzenzäit ass eng Zäit, an där d'Déierenasyler (leider) extra vill Zoulaf hunn. Wéi gi se zu Diddeleng domat ëm?
Nordstad
Am Ierpeldenger Gemengerot koum et virgëschter zu enger Pattsituatioun beim Vott iwwer d’Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher. Ee Conseiller huet sech enthalen. Firwat?
Programm Trounwiessel
De Programm vum Trounwiessel verleeft iwwer puer Deeg - vun der offizieller Zeremonie an der Stad den 3. Oktober iwwer eng Partie Volleksfester den Dag drop uechtert d'Land.