arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Lescht Invitéen an der Spezialkommissioun Caritas
Wéi hëllefräich war d'Réunioun gëscht mat de Ministere Frieden, Margue a Bettel? En Interview mat der Vize-Presidentin vun der Kommissioun Carole Hartmann (DP).
Kontrollen op den däitsche Grenzen
Aus personelle Grënn wären déi Kontrollen net méi laang oprecht ze erhale, seet de President vun de Bundespolizisten an der Gewerkschaft der Polizei (GdP) Andreas Roßkopf.
Enquête iwwer de Klimawandel
Den Observatoire de la politique climatique huet eng grouss Meenungsëmfro bei 6.500 Leit gemaach. Erklärunge vun der Dr. Sabine Dörry vum Fuerschungsinstitut LISER.
Alles aneschters wéi begeeschtert
D’Gewerkschaften sinn alles anescht ewéi begeeschtert vun de Pisten, déi de Premier d’lescht Woch genannt huet fir de Pensiounssystem ze reforméieren.
Wéi geet ee mam Examensstress ëm?
Ëmmer méi Schüler:innen wënnen sech un den CEPAS fir Hëllef beim Stress.
Wëll Beie brauche grad elo eppes z'iessen
Et ginn den Ament (nach) 310 verschidden Aarte vu wëlle Beien hei am Land. Firwat si - am Verglach mat der Hunnegbei - sou wichteg sinn, erkläert den Alexander Weigand.
Politesch Dimensiounen um Eurovision Song Contest
Zwar betount d'EBU ëmmer rëm datt d'Eurovisioun een neutraalt Event ass, an awer ginn et ëmmer rëm politesch Diskussiounen. D'Sophie Schroeder mat enger Analys.
Déi international Konsequenze vun der Caritas-Affär
Mëtt September 2024 ass kloer: D'Caritas muss hir Entwécklungshëllef an humanitär Projeten an enger Dose Länner opginn.
Kéinte méi Wëllschwäin geschoss ginn?
Ëmmer nees kënnt et zu gréissere Wëld-Schied op de Felder kënnt. Schold doru sinn meeschten d’Wëllschwäin. De Jeeër gëtt dofir virgeworf, d’Bestänn net genuch ze kontrolléieren.
D'Laura Thorn ass weider
Lëtzebuerg qualifizéiert sech fir d'Finall vum Eurovision Song Contest
D'Woch vun der sexueller Gesondheet
Nach bis en nächste Freide ginn eng ganz Rei Virträg a Workshoppen zum Theema sexuell an affektiv Gesondheet ugebueden. Mir ginn een Abléck.
De Weekend gëtt a Portugal gewielt
Déi portugisesch Communautéit zu Lëtzebuerg weist wéineg Interessi fir d'Parlamentswalen a Portugal. D'Abstentioun kéint bei 90% leien.
Wéi vill Selbstbestëmmung an Onofhängegkeet stécht hanner engem ESC-Optrëtt?
Wéi vill Matsproocherecht hu Kënschtler:inne bei esou engem duerchgeplangte Format wéi dem Eurovision Song Contest?
Rumänien kéint dëse Sonndeg e rietsradikale President kréien
Wei gesäit déi rumänesch Communautéit hei am Land dat? Mir froen d'Presidentin vun der Associatioun Luxembourg-Roumanie.
Éischt Tiny Haus aus dem 3D-Drucker
Et ass ee Pilot Projet, deen zu Rammeldang an der Gemeng Nidderaanwen entsteet: Ee mobilt Haus - gebaut mat engem Roboter-Aarm.
Dat bréngt den Dag
D'Defenseministesch Backes erkläert, wéi déi 2% Depense-Ausgabe solle finanzéiert ginn an den Ausseminister Bettel mécht de Point iwwert déi aktuell Situatioun an der Gazasträif.