arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Ee Joer Labour-Regierung a Groussbritannien
Wat huet de Keir Starmer am éischte Joer vu senger Amtszäit beweegt? Äntwerte vun eiser Korrespondentin Marie Billon
Déi bis ewell gréisste Foire Agricole
Déi 42. Editioun vun der Foire mécht haut hir Dieren op, op 12,5 Hektar Surface, souvill wéi nach ni virdrun
Wat a wie gëtt beim Tour de France wichteg?
Mir schwätze mam Sportchef vun RTL, dem Tom Flammang, iwwer d'Enjeue vun der Grande Boucle 2025, déi ouni Lëtzebuerger Participatioun iwwer d'Bün geet.
Onsécher Zukunft fir d'Entwécklungszesummenaarbecht
Et steet net gutt ëm d'Finanzhëllefe fir de globale Süden. Den David Hoffmann vum Forum politique vum Cercle des ONG zitt ee gemëschte Bilan vun der UN-Konferenz zu Sevilla.
Klimadag: Wéi ass haut d'Perceptioun vum Klima
Klimabündnis Lëtzebuerg feiert seng 30 Joer mat engem Klimadag. Mir schwätze mam Pol Polfer doriwwer, wéi Mënsche méi fir de Klimaschutz sensibiliséiert kënne ginn.
D'EM am Fraefussball huet ugefaangen
Wie sinn d'Favorittinnen? Wéi wichteg ass dës EM fir d'Professionaliséierung vum Fraefussball? Eis fräi Mataarbechterin Tessy Troes mat Aschätzungen zu der EM an der Schwäiz
35 Joer OAI
Den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils feiert dëst Joer e ronne Gebuertsdag. E Gespréich mat sengem Direkter Pierre Hurt, dee vun Ufank un derbäi war.
Jazz à Vienne
DeE renomméierten Jazzfestival fënnt grad bei Lyon statt. Lëtzebuerg ass dëst Joer Fokusland um Festival a mat 6 Formatioune vertrueden.
De CGDIS zitt de Bilan vun der extreemer Hëtzt
Dei lescht Deeg hat MeteoLux scho virun der extreemer Hëtzt gewarnt. De Michel Demuth, Coordinateur beim CGDIS, zitt de Bilan vun der Canicule.
Baggerweier zu Rëmerschen
D‘ASBL Erliefnis Baggerweiere setzt sech fir preventiv Sécherheetsmoossnamen an.
Klimapolitik
Lëtzebuerg begréisst, datt d'EU-Kommissioun d'Zil setzt bis 2040 d'Zäregasen-Emissiounen ëm 90 Prozent erofzedrécken.
Trounwiessel
D’Maison du Grand-Duc huet deen neie Monogramm vum zukünftege Grand-Duc Guillaume virgestallt. D'Grafikerin Yolande Kaiser gëtt Explikatiounen dozou.
Brout wéi fréier
De François Kieffer baakt Brout wéi virun 200 Joer, mat Miel aus Kären, déi (bal) vergiess gi sinn, mat Sauerdeeg amplaz vun Hief ... a mat vill Zäit a Gedold.
Hëtzt
Héchst Warnstuf haut (2.7.) wéinst Temperaturen iwwer 35 Grad. Wat réit den Educatiounsministère de Schoulen? Explikatioune mam Lex Folscheid
Hëtzt
Héchst Warnstuf haut (2.7.) wéinst Temperaturen iwwer 35 Grad. Wat réit den Educatiounsministère de Schoulen? Explikatioune mam Lex Folscheid
Um Chantier an der Hëtzt
Vill Leit mussen och bei deene waarmen Temperaturen dobausse schaffen. Mee wéi gëtt dat zum Beispill um Bau gehandhaabt?
Héich Temperaturen zu Lëtzebuerg: Erklärunge vu MeteoLux
Fir den Dag vun haut (2.7.) huet MeteoLux plazeweis eng Héchsttemperatur vu bis zu 38 Grad Celsius gemellt. Erklärungen dozou vum Luca Mathias vu MeteoLux