D’USA hunn der Ukrain vill méi gehollef wéi anerer: Dat huet den US-President Donald Trump an der Lescht méi wéi eng Kéier behaapt. “Mir hunn iwwer 300 Milliarden Dollar ausginn, Europa nëmme ronn 100 Milliarden”, dat wier eng grouss Differenz”, sot hien zum Beispill am Februar, wéi de franséische President Emmanuel Macron bei him zu Washington op Besuch war. Hie sot och, datt déi europäesch Hëllef am Contraire zu där amerikanescher haaptsächlech aus Prête bestoe géif, déi duerno missten zeréckbezuelt ginn. Dat sinn alles Aussoen, déi dono jäizen, hannerfrot ze ginn. De Radiosreseau Euranet Plus, bei deem och de radio 100,7 Member ass, huet dofir och e Faktencheck gemaach, dee vun enger Journalistin koordinéiert gouf, déi zu Lëtzebuerg opgewuess ass an elo zu Paräis lieft: der Nina Lamparski.
arrow_back_ios
Moiesstudio
USA oder EU: wien hëlleft der Ukrain méi?
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow

Nina Lamparski (Foto: AFP)
mic_none
Presentéiert vum
- Maurice Molitor
Episoden

COPAS plädéiert fir nei Infirmières-Karriär
Fir der Penurie u Fleegepersonal entgéint ze wierken, proposéiert d'COPAS eng nei Formatioun mat Ofschloss um Niveau BAC. Prezisioune vun der Directrice Claudine Bettendroffer.

Konscht, Frëndschaft an Turbulenzen
A sengem neie Buch "Wim Delvoye et moi" schwätzt den Enrico Lunghi iwwer vill méi wéi just seng Frëndschaft mam belsche Kënschtler.

Optakt vum Auto Occasiouns Festival
Vum 12. bis de 25. stellen d'Lëtzebuerger Garagisten d'Occasiouns-Ween an de Mëttelpunkt. Wéi presentéiert sech dee Marché? Froen un de FEDAMO-President Philippe Mersch.

Kardinol Jean-Claude Hollerich hofft op Reform ënnert neiem Poopst
De Kardinol Jean-Claude Hollerich hat nach 10 Deeg virum Dout vum Poopst François eng Renconter mat him um Vatikan.

Der Caritas hir Scholdeproblematik am Summer 2024
Nieft 30 Milliounen Euro Scholde bei de Banken, hat d'Caritas no der Finanzfraude weider 10 Millioune Scholden. Och dat stoung enger Rettung am Wee.

E Bléck an d'Vergaangenheet
Den Archivist vum 100,7 huet Aussoe vun Zäitzeien zu 80 Joer Befreiung an Enn vum Zweete Weltkrich gesammelt

Konflikt tëscht Indien a Pakistan
Wéi grouss ass d'Gefor vun enger Eskalatioun am Sträit tëscht den zwou Atommuechten? D'Analys vum Christian Wagner vun der Stiftung Wissenschaft und Politik.

Biker engagéieren sech géint Mobbing
D'Mélanie Weber vum Bikergrupp "White Tigers for Kids" erkläert wéi d'Initiativ funktionnéiert.

Groussbritannien: Kee Changement um Dategesetz
Dat brittescht Parlament huet dergéint gestëmmt, datt d'Geschlechtsidentitéit vun Trans-Leit an den Datebanke mat hirem biologesche Geschlecht sollt iwwerschriwwe ginn.

Wéi den 8. Mee 1945 zu Lëtzebuerg gefeiert gouf
De 7. Mee 1945 huet Däitschland am zweete Weltkrich d’ Kapitulatioun ënnerschriwwen. Haut virun 80 Joer ass déi dunn a Kraaft getrueden. Och zu Lëtzebuerg huet dat fir Freed gesuergt. Mee wéi genee gouf dat hei am Land gefeiert?

Caritas-Affär: Och d'BGL BNP Paribas berifft sech op d'Bankgeheimnis
Zwee Deeg no der Spuerkeess ware gëschter um Mëttwoch Vertrieder vun der BGL BNP an der Spezialkommissioun. Mee och si hunn net vill gesot.
Dat bréngt den Dag
Gedenkzeremonie fir den 80. Joresdag vum Enn vum Zweete Weltkrich a Presentatioun vum Drogendësch 2.0

Andréck vu Roum
Live vu Roum ginn et Explikatioune vun eisem Korrespondent Philip Crowther.

Wéi sécher si Bancomaten?
Mir froen d'Ananda Kautz vun der Bankenassociatioun ABBL.

Offiziell Ouverture vun der LUGA
Haut fänkt d'Luxembourg Urban Garden un, si dauert bis Mëtt Oktober.

Lëtzebuerg op nei Risken virbereeden
Lëtzebuerg soll an Zukunft nach besser op Krisen an Noutfäll preparéiert sinn. Dowéinst huet de Premier Luc Frieden den HCPN beoptraagt eng "allëmfaassend Strategie" auszeschaffen.

Eng chaotesch Kanzlerwal
Eréischt nom zweete Versuch gouf de Friedrich Merz neien däitsche Bundeskanzler. Eisen Däitschland-Korrespondent beliicht d'Hannergrënn vum Vott.
Dat bréngt den Dag
Optakt vum Konklav, Ouverture vun der LUGA a Caritas-Spezialkommissioun
