arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Christmas à la Hollywood
Haut den Owend (15.12.) spillen d'Solistes Europeens, Luxembourg e spezielle Chrëschtdags-Concert.
Den ëffentleche Raum nei denken
D'Gemeng Mäerzeg huet deen éischte Präis fir den innovatiivste Schoulhaff gewonnen, deen un de Klimawandel ugepasst ass.
Déi lescht Emissioun
E Sonndeg geet den RTL-Moderator Gibbes Bertolo eng leschte Kéier op Antenn. Am Gespréich kuck hien op 40 Joer Radios-Karriär zeréck.
Kann eng Gemeng Locatairen hëllefen, déi an enger desolater Wunneng wunnen?
Wat kann d'Gemeng maachen, wa Locatairen an enger desolater Wunneng eleng gelooss ginn? Dëst froe mir Schäffin vun der Stad Lëtzebuerg Corinne Cahen.
Das Radial: Generalprouf virum Eurosonic
Den 10. Januar ass e gratis Concert am Gudde Wëllen mat Das Radial, Sheebaba a Cleveland. Mir erklären, wat et domat op sech huet.
Zu Wolz ass dëse Weekend eng méi lass
De Weeltzer Dësch ass dëse Freideg zu Wolz an der Grand-Rue an de Samschdeg an der Stad, op der Place Clairfontaine.
A Portugal ass haut Generalstreik
Mir froen eis Korrespondentin Marieline Darcy, firwat et zum Streik koum, a wéi grouss den Impakt dovun ass.
Darts-Hype
Haut, 11.12., ass den Optakt vun der Darts-WM zu London am Ally Pally. Am Virfeld dovun e Gespréich mam Sekretär vun der Lëtzebuerger Darts-Federatioun Jim Mayer.
Wou verleeft d'Grenz tëschent Salarié an Independant?
Mat där Fro beschäftegt sech e rezent Urteel ronderëm de Gérard Anduyan, deen Iesse fir Wedely ausgeliwwert huet. Mir schwätze mat senger Affekotin, der Virginie Verdanet.
Mindestalter fir Social Media: Wëllt och Lëtzebuerg op dee Wee goen?
Mir froen déi zoustänneg CSV-Ministesch Elisabeth Margue, ob si e gesetzleche Mindestalter wëllt aféieren, a wéi deen da géif kontrolléiert ginn.
No der Demissioun vu Georges Mischo: Wéi ass d'Stëmmung an der CSV?
D'Carole Schimmer huet den CSV-Nationalrot gëschter Owend fir eis matverfollegt.
Wat bedeit déi nei US-Sécherheetsstrategie fir d'EU?
33 Säiten huet déi nei US-Sécherheetsstrategie. Am Dokument gëtt Europa schaarf kritiséiert. Fir den DP-Europadeputéierte Charel Goerens ass et d'Enn vun enger Epoch.
USA wëllen d'EU demontéieren, d'EU awer reagéiert kaum
En US Strategie-Pabeier mat Annoncen, datt d'USA déi politesch Géigner vun der EU ënnerstëtze wëllen, suergt fir Opreegung, awer net fir vill Reaktiounen.
Australie féiert e Mindestalter vu 16 Joer fir Social Media an
De Rick Mertens erkläert, wéi déi Reegel ëmgesat gëtt, a wéi warscheinlech et ass ,datt Lëtzebuerg sech drun inspiréiert.
Nom zweete Bommeleeër-Prozess: e Réckbléck ...
Wat fir eng Erkenntnisser si vum zweete Bommeleeër-Prozess zeréckzebehalen, 11 an en halleft Joer nom Enn vum 1. Prozess?
Grenzgemeng wiert sech géint Tanklagererweiderung
D'Tanklager zu Gréiwemaacher soll op 150.000 Meter Kipp ausgebaut ginn. Am Fall vun enger Katastroph géif vun Temmels "näischt méi stoen", esou d'Buergermeeschtesch Doris Köbernik.
Anästhesisten oder Urgentisten: wee sinn déi besser SAMUs-Dokteren?
Den Dr. Philippe Welter, President vum Cercle vun den Anästhesisten erkläert, firwat Anästhesiste besser qualifizéiert si wéi Urgentistë fir um SAMU matzefueren.
De Minister geet, mee den Dossier bleift
Den Aarbechtsminister Georges Mischo ass zeréckgetrueden, mee et bleiwe Froe ronderëm den Dossier Sportsmusée. Mir schwätze mat der Deputéierter vun déi Gréng Sam Tanson.