Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Moiesstudio

search / Moiesstudio

/ D'Blamage vun 2008 ass net vergiess

D'Blamage vun 2008 ass net vergiess

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Dräi Deeg no hirem staarken Optrëtt bei der 1-0 Victoire heiheem géint Schwede spillt d’Lëtzebuerger Fussball-Nationalekipp vun den Hären haut den Owend (25.3.) e Frëndschaftsmatch an der Schwäiz. D’Rout Léiwen hunn u sech besser Erënnerungen un d’Schwäizer “Nati” (esou gëtt d’Schwäizer Nationalekipp genannt) wéi dat ëmgedréit de Fall ass. An dat läit um 10. September 2008, wéi Lëtzebuerg d’Schwäiz zu Zürech sensationell a komplett onerwaart 2-1 geklappt hat.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

1. Abrëll: Wéi huet alles ugefaangen? | © Bigstock / Kesu01

1. Abrëll: Wéi huet alles ugefaangen?

D’BBC huet 1957 an der politescher Emissioun “Panorama” nämlech - ganz seriö - ee Reportage iwwer eng Spaghetti-Recolte an der Schwäiz gewisen.
headphones

3 min

play_arrow
Sowjetesch Zwangsaarbechter zu Lëtzebuerg

Sowjetesch Zwangsaarbechter zu Lëtzebuerg

En neit Buch vun der Historikerin Inna Ganschow beliicht den Alldag an d'Aarbechtsbedéngunge vu Russen, Wäissrussen an Ukrainer, déi vun de Preisen op Lëtzebuerg verschleeft goufe fir hei ze schaffen.
headphones

12 min

play_arrow
Nordstad-Fusioun | © Chris Zeien

Nordstad-Fusioun

Wat erwaarde sech dei aner 4 Fusiounskandidate vun der Gemeng Bettenduerf?
headphones

6 min

play_arrow
Päiperleksgaart

Päiperleksgaart

De Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher mécht nom Wanter seng Diere fir eng nei Saison op. Fir dës 36. Saison krut de Gaart dann erëm eng ganz nei Poppekëscht.
headphones

6 min

play_arrow
Urteel Marine Le Pen | © picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto

Urteel Marine Le Pen

War et dat elo mat der Marine Le Pen hirer politescher Karriär?
headphones

6 min

play_arrow

Dat bréngt den Dag

Police presentéiert Kriminalitéits-Rapport 2024, um Stater Geriicht muss sech dee Jonke veräntwerten, deen Amoklaf am Escher Lycée ugekënnegt hat, an der Coque ginn d'Diplomer vum nationale Sportsbrevet iwwerreecht.
headphones

3 min

play_arrow
Lafschlappen a Verletzungen | © Bigstock / Maridav

Lafschlappen a Verletzungen

De Luxembourg Institute of Health (LIH) analyséiert am Optrag vun enger grousser franséischer Enseigne den Zesummenhang tëschent der Fiederung vu Lafschung an dem Verletzungsgefor vum Leefer.
headphones

10 min

play_arrow
Netflix-Serie "Adolescence" | © Netflix

Netflix-Serie "Adolescence"

Eng brittesch Sendung suergt grad fir vill Diskussiounen.
headphones

4 min

play_arrow
Déi 3. Spuer op der A3 | © Serge Kesseler

Déi 3. Spuer op der A3

... soll am Fong fir déi Autoe reservéiert sinn, an deene méi wéi just eng Persoun ënnerwee ass. Mee wéi et schéngt, gëtt sech net doru gehalen. Kann een dat esou hinhuelen? Froen un de gréngen Deputéierte Meris Sehovic
headphones

6 min

play_arrow

Dat bréngt den Dag

Generalversammlung vun der Policegewerkschaft, nationalen Aktiounsplang fir d'Gläichstellung vu Mann a Fra a Besuch vum EU-Agrarkommissär zu Lëtzebuerg
headphones

3 min

play_arrow
Nei Saison: De Beetebuerger Park mécht nees op | © Rick Mertens

Nei Saison: De Beetebuerger Park mécht nees op

Mir hunn nogefrot, wéi eng nei Attraktiounen et ginn.
headphones

3 min

play_arrow
Onerwënschte Gaascht | © picture alliance/dpa | Peter Kneffel

Onerwënschte Gaascht

Amerikanesche Vizepresident JD Vance a Grönland
headphones

6 min

play_arrow
Bleiwen déi véier Planzen doheem ee Randphenomeen? | © Jo Diseviscourt

Bleiwen déi véier Planzen doheem ee Randphenomeen?

Mat der Cheffin vun der Lëtzebuerger Antenn vun der Europäescher Drogenagence EUDA, der Nadine Berndt, schwätze mir iwwer déi éischt Evaluatioun vum Gesetz, dat den den Ubau vu Cannabis doheem erlaabt.
headphones

11 min

play_arrow
Goufen aus der Corona-Pandemie déi richteg Léiere gezunn?

Goufen aus der Corona-Pandemie déi richteg Léiere gezunn?

Goufen aus der Corona-Pandemie déi richteg Léiere gezunn? Déi Fro hu mir ronderëm de 5. Joresdag vun den éischte Covid-Infektiounen hei am Land schonn e puermol gestallt. Äntwerte vum Stefan Braum, Droits-Professer vun der Uni Lëtzebuerg
headphones

8 min

play_arrow
Luxembourg Art Fair | © LUXEXPO The Box

Luxembourg Art Fair

Tëschent Konscht a Commerce: 100 Galerien aus verschiddenen europäesche Länner weisen dëse Weekend "abordabel Konscht" an der Luxexpo um Kierchbierg.
headphones

3 min

play_arrow
D'Logementspräisser zéien nees un | © Max Bauerfeind/Bigstock

D'Logementspräisser zéien nees un

Dës Woch ass déi 70. Editioun vum Rapport "Le logement en chiffres" vum Logementsministère virgestallt ginn. Aus deem Rapport geet ervir, datt d'Aktivitéit Enn 2024 erëm zougeholl huet.
headphones

4 min

play_arrow
Sanktioune géint Russland ginn net opgehuewen | © picture alliance / Photoshot

Sanktioune géint Russland ginn net opgehuewen

Dat hunn d'Leadere vun 30 europäesche Länner gëschter (27.3.) a grousser Eenegkeet zu Paräis decidéiert. Dozou en Interview mam Lëtzebuerger Premier Luc Frieden.
headphones

5 min

play_arrow

Dat bréngt den Dag

Den OGBL-Nationalkongress fänkt un, et ass den zweeten Dag vun der Staatsvisitt vum President vu Singapur an de Beetebuerger Park geet no der Wanterpaus nees op.
headphones

5 min

play_arrow
Moukewanderung | © Bigstock

Moukewanderung

Wéi all Joer am Fréijoer wanderen d'Mouke grad vum Bësch a Richtung Tëmpel oder soss Gewässer fir ze läichen - an dee Wee ka fir si potentiell déidlech sinn.
headphones

4 min

play_arrow
Policy Lab: Méi Fakten an der Politik

Policy Lab: Méi Fakten an der Politik

De Joël Machado ass Ekonomist a schafft mat am Policy Lab vum LISER, wou politesch Projete begleet an evaluéiert ginn. Wéi leeft dat of a kënnt et dobäi och zu Konflikter?
headphones

13 min

play_arrow
live

Live