Nächste Sonndeg sinn an Däitschland Bundestagswalen. D’Theema Migratioun huet an de leschte Wochen an den Debatten dominéiert - bedéngt duerch eng Rei presuméiert islamistesch motivéiert Attacken, wéi en Donneschdeg zu München. 37 Mënsche goufen do blesséiert. Zwee Affer, eng Mamm an hiert d‘Kand, sinn un hire schroe Verletzunge gestuerwen.
Schonn de leschte Mëttwoch hat d‘Bundesinneministerin Nancy Faeser annoncéiert, datt déi aktuell Grenzkontrollen ëm weider 6 Méint géife verlängert ginn. Lëtzebuerg wëllt dogéint an Appell goen. Den CDU-Kanzlerkandidat Friedrich Merz, deen a Saache Migratiounspolitik eng däitlech haart Linn wëllt fueren, fuerdert souguer permanent Grenzkontrollen.
D’Carole Schimmer war fir de radio 100,7 op Tréier an huet sech do eng Podiumsdiskussioun mat Bundestags-Kandidaten aus der Region Trier ugekuckt an huet um Bord vum Event mat hinnen iwwer d‘Theeme Migratioun a Grenzkontrolle geschwat.