arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Weltradiodag: Firwat lauschtert Dir gäre Radio?
Mir kucken a lauschteren eis mat eisem Programmchef Yves Stephany d'Äntwerten un, déi mir op eis Fro vun der Woch erakruten.
D’Raiffeisen investéiert 10 Mio. Euro an d’Digitaliséierung vum Kärgeschäft
An d’Moderniséierung vum Kreditgeschäft sollen an den nächsten dräi Joer 10 Milliounen Euro fléissen. Dat huet d’Bank Raiffeisen am Kontext vun hirem 100. Anniversaire ugekënnegt.
D'Muselregioun setzt op Oenotourismus
Et gëtt ëmmer méi schwiereg fir just vun der Wäiproduktioun ze liewen. En neien Aktiounsplang soll dofir suergen, datt d'Wënzer sech kënnen en zweet Standbeen opbauen.
D'Berlinale huet ugefaangen
Gëschter Owend (12.2.) huet déi 76. Editioun vum Filmfestival zu Berlin mat der Projektioun vum Film "No Good Men" vun der iranescher Realisatrice Shahrbanoo Sadat ugefaangen.
Olympesch Wanterspiller
Finall bei de Männer vum Skeleton: Nëmmen d’Vitess zielt.
Gewerkschafte froen dréngend Sëtzung vun der Stoltripartite
Dee fir d'Siderurgie zoustännegen LCGB-Sekretär Robert Fornieri nennt d'Froen, déi d'Gewerkschafte gär beäntwert kréichen.
D'Weltmeeschterin am Blannentennis kënnt aus Lëtzebuerg
D'Liz Conzemius ass amtéierend Weltmeeschterin an huet Ufank Februar och un der Competitioun, déi parallel zu den Australian Open gespillt gouf, deelgeholl.
Heures silencieuses am Restaurant
D'Konzept, dat et schonn a Supermarchéë gëtt, gouf elo och a verschiddene Restaurante lancéiert.
Wéi warnt ee mat Zäit viru Wiederkatastrophen?
Spéitstens zënter den Iwwerschwemmunge vum Juli 2021 léisst d'Theema Fréiwarnsystemer den Hydro-Meteorolog Jeff Da Costa net méi lass.
Gewerkschafte froen dréngend Sëtzung vun der Stoltripartite
Dee fir d'Siderurgie zoustännegen LCGB-Sekretär Robert Fornieri nennt d'Froen, déi d'Gewerkschafte gär beäntwert kréichen.
Rennrodelen: Mat 150 km/h duerch en Äiskanal
Rennrodelen ass zënter 1964 eng olympesch Sportaart. Dobäi fueren d’Athleeten op engem Schlitt duerch e veräiste Kanal. Den Owend geet et ëm d'Medaile bei der Ekippe-Staffel.
Wisou et zu Esch méi blëtzt wéi op der Musel
Meteolux huet nei Donnéeën zu der Blëtzaktivitéit zu Lëtzebuerg analyséiert. Fakt ass, zu Esch schloe méi Blëtzer a wéi op der Musel.
Wat ass wuel an engem vun den 30.000 Päck, déi all Dag verluer ginn?
Eng franséisch Societéit keeft verluere Päck bei Logistik-Firmaen op a verkeeft se als Iwwerraschungspäck och zu Lëtzebuerg.
Déi eenzeg olympesch Wantersportaart ouni Fraekategorie
Déi Nordesch Kombinatioun ass déi eenzeg Sportaart op den Olympesche Wanterspiller, bei där et keng Fraekompetitioun gëtt. Firwat eigentlech?
Puddermëllech: Elteren "net ze vill besuergt"
De Kannerdokter Serge Allard erkläert, wou de Problem mat de Ceruliden hierkënnt, wat den Impakt ass A wéi hien d'Kommunikatioun vun den Autoritéite gesäit.
Luc Frieden: "Et gëtt eng Auskunfts-, mee keng Interviewflicht"
De Premier- a Medieminister huet gëschter an der Chamber op déi ëmstridden Ausso vum Ëmweltminister Serge Wilmes reagéiert, fir deen en Interview ëmmer win-win muss sinn.
Miersch wëllt Stad ginn
De Mierscher DP-Buergermeeschter Michel Malherbe erkläert, firwat Miersch keng einfach Gemeng méi wëllt sinn, mee eng Stad wëllt ginn. Souguer wann et näischt bréngt.
Schonn nees e Gewerkschafts-Bréif
D'Union syndicale huet dem Premier erëm geschriwwen a beklot sech iwwer "vill verlueren Zäit". Den LCGB-President Patrick Dury erkläert, firwat d'Gewerkschaften nees Drock maachen.