arrow_back_ios
Radioprogramm
Episoden
Amir Vesali: Firwat wiesselt de jonke Politiker vun der LSAP bei d'CSV?
No jorelaangem Engagement fir d'LSAP geet de fréieren Co-President vun de jonke Sozialisten elo bei dei gréisst Regierungspartei. Am Interview erkläert hie firwat.
En Ausbléck op den UEFA Nations League Playoff Match: Lëtzebuerg-Malta
Haut den Owend steet fir d’Lëtzebuerger Fussballnationalequipe vun den Hären den Allers-Match vum UEFA Nations League Playoff géint Malta um Programm. En Ausbléck vum Pit Beffort.
Wéi geet et viru mat der Museksschoul Cavem?
No der iwwerraschender Faillite vun der Museksschoul Cavem sichen di verbliwwe Museksproffen elo dréngend no engem Auswee, fir d’Schoul ze retten.
Meedercher a Männerwelten
D’Politik an d’Fuerschong sinn sech eens: Meedercher sollen méi technesch Beruffer wielen. Mais den Zeitgeescht ass op retro an di jonk Fraen hu keng Loscht op Geschlechterkampf.
“Haie Gourmande”: Zu Hamm goufe 400 Hecke fir ze schneeke geplanzt
90 Primärschüler vun Hamm hunn e Méinden wärend der Schoulzäit Hecke geplanzt. An zwar net just iergendeng Heck, Mais eng “Haie Gourmande".
En neit Buch weist, wéi divers déi portugiesesch Communautéit hei am Land ass
D'Internetplattform Bomdia huet virun e puer Deeg d'Buch "60 Anos Portugueses no Luxemburgo, 30 Historias" publizéiert. D'Buch weist d'Diversitéit déi et an der Communautéit gëtt.
Kënnt et zu enger neier Energiekris an Europa? Den Energieminister äntwert
De Lex Delles ass eis live zougeschalt.
Energiekris: Dës europäesch Länner hu scho mat Mesurë reagéiert
Mir schalte bei eis Korrespondenten a Spuenien, Groussbritannien an a Polen.
Wat geschitt dann elo mam Mindestloun? Den Aarbechtsminister erkläert
No enger schwiereger Réunioun gëschter mat de Gewerkschaften ass den Aarbechtsminister Marc Spautz eis live zougeschalt.
Lount et sech "Ex" an den Théâtre du Centaure kucken ze goen?
Mir froen eise Kritiker Jeff Schinker.
No 25 Joer um 100,7: Merci Jean Claude!
De Jean Claude Majerus geet Enn der Woch an d'Pensioun, no 25 Joer um Radio 100,7.
D'Neiegkeeten: Noriichte fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren
Vun dëser Woch u ginn et och 100,7-Noriichten an einfacher Sprooch. Mir stellen dat neit Format fir.
Krich am Noen Osten: Kéint der Luxair de Kerosinn ausgoen?
Mir froen den Generaldirekter vun der nationaler Fluggesellschaft, de Gilles Feith.
No Méningite-Ausbroch an England: Wéi grouss ass d'Gefor zu Lëtzebuerg?
Mir froen d'Dokter Anne Vergison vun der Santé.
Krich am Noen Osten: Ass elo awer eng Deseskalatioun a Siicht?
Mir froen eise Korrespondent zu Dubai, de Philipp Crowther.
EU fuerdert Opklärung wéinst Spionage-Verdacht géint Ungarn
"Live"-Rapporten vum ungareschen un de russeschen Ausseminister si keng komplett Surprise. D'EU-Kommissioun erwaart sech elo Explikatiounen vun der ungarescher Regierung.
D'Jeunesse Esch an hir Visioun 2030
De Lëtzebuerger (Fussball-)Rekordchampion wëll mat engem originelle Konzept u fréier Erfollegszäiten uknäppen. Den Trainer Reinhold Brei ass e Schlësselelement vun där Visioun.
Koum et zum Rietsruck?
Mir froen d'Chefredaktesch vu Radio ICI Lorraine, Fanette Hourt, wéi den zweeten Tour vun de Gemengewalen an der Grenzregioun ausgaangen ass.