arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Luc Frieden: "Et gëtt eng Auskunfts-, mee keng Interviewflicht"
De Premier- a Medieminister huet gëschter an der Chamber op déi ëmstridden Ausso vum Ëmweltminister Serge Wilmes reagéiert, fir deen en Interview ëmmer win-win muss sinn.
Miersch wëllt Stad ginn
De Mierscher DP-Buergermeeschter Michel Malherbe erkläert, firwat Miersch keng einfach Gemeng méi wëllt sinn, mee eng Stad wëllt ginn. Souguer wann et näischt bréngt.
Schonn nees e Gewerkschafts-Bréif
D'Union syndicale huet dem Premier erëm geschriwwen a beklot sech iwwer "vill verlueren Zäit". Den LCGB-President Patrick Dury erkläert, firwat d'Gewerkschaften nees Drock maachen.
Schisprangen a Schilaanglaf "nordesch" kombinéiert
Haut ginn op den Olympesche Wanterspiller déi éischt Medailen an enger ganz spezieller Sportaart verginn, déi an eise Géigenden net esou bekannt ass: Déi Nordesch Kombinatioun.
Logement: 10,5 Milliarden, an awer feele Wunnengen
Den Antoine Paccoud an de Michel-Edouard Ruben hunn déi ëffentlech Depensë fir de Logement analyséiert: anescht ausgi kéint Lëtzebuerg haut vill méi ëffentleche Wunnraum hunn.
"Olympia-Gigantismus passt net an d'Alpen!"
Den Alpefuerscher Werner Bätzing geheit e kritesche Bléck op d'Organisatioun vu Wanterspiller an enger Regioun, déi souwisou schonn ënner Massentourismus a Klimawandel leit.
Manner Primmen fir d'Baueren
D'Bauerenzentral kritiséiert dat zwou Agrarprimmen gekierzt ginn
Hëllef fir sinistréiert Géigenden a Portugal
No der schlëmmer Serie vu Stierm an Iwwerschwemmungen a Portugal wëllt d'Chambre de Commerce et d’Industrie Portugal-Luxembourg (CCILL) hëllefen.
Logement: 10,5 Milliarden, an awer feele Wunnengen
Den Antoine Paccoud an de Michel-Edouard Ruben hunn déi ëffentlech Depensë fir de Logement analyséiert: anescht ausgi kéint Lëtzebuerg haut vill méi ëffentleche Wunnraum hunn.
Freestyle-Schi: Spréng, Saltoen, Këschten, Gelänner an nach vill méi
Slopestyle fuerdert Kreativitéit, Trickfäegkeet a Courage vun den Athleetinnen an Athleeten. Dobäi deet sech eng jonk Fra besonnesch ervir, déi awer och fir Kontrovers suergt...
CNA: de Kulturminister reagéiert
Beim Centre national de l'audiovisuel zu Diddeleng sollen et schwéier Dysfonctionnementer ginn. Wat ass do drun a wéi laang ass dat bekannt? Froen un den Eric Thill
Wéi änlech si sech Grönland a Lëtzebuerg?
De Romain Meyer, deen zanter Oktober de grönlännesche Geologiedepartement leet, gesäit vill Parallelen. De Geolog gëtt och Erklärungen zu den ënnerierdesche Ressourcen op der Insel
Portugal: Wéi geet et elo weider?
No der Stéchwal de Sonndeg schwätze mir mat der Chefredactrice vu Contacto iwwer déi politesch Suitten, déi de Vott kéint mat sech bréngen.
Filmtipp: "La Cache"
Véier Generatioune vun enger Famill liewen an engem Paräisser Appartement wärend der Studenterevolt vu Mee 1968.
Epstein-Affär: Politesch Konsequenzen a Frankräich a Groussbritannien
Dee fréiere franséische Minister Jack Lang an de Stabschef vum brittesche Premierminister Keir Starmer hunn um Weekend allebéid den Hutt gezunn.
Tennis: Lëtzebuerg steigt a Weltgrupp 1 vum Davis-Cup op
Dat no enger 3:1 Victoire géint d'Ukrain. Wat erhofft ee sech doduerch, dat froe mir de President vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun Claude Lamberty
Schisprange kombinéiert Vitess, Technik an eng grouss Portioun Courage
Bei den Olympesche Wanterspiller zu Mailand a Cortina d’Ampezzo ass et haut den Optakt vum Schisprange bei de Männer. Eng Sportaart, déi bei de Fans beléift an déi spektakulär ass.
Debbie Marinkovic présentéiert eegene Pop-Song
Mam Titel "Hold On To" geet d'Sängerin, déi bis elo éischter op der Musical-Schinn ënnerwee war, op en neie musikalesche Wee.