A Frankräich steet d’Marine Le Pen vum rietsextreeme Rassemblement National den Ament ganz am Fokus vun der Aktualitéit an dat direkt wéinst zwee verschiddene Sujeten. Haut (27.11.) geet no 8 Wochen e Prozess géint si a weider 26 Ugeklote vun hirer Partei op en Enn. Si sollen tëschent 2004 an 2016 Sue vum Europaparlament verontreit hunn, fir national Mataarbechter a Mataarbechterinnen ze bezuelen, wat strikt ënnersot ass. De Parquet fuerdert 5 Joer Prisong - 3 op Sursis - an eng Spär vu 5 Joer fir politesch Ämter fir d’Marine Le Pen.
Zäitgläich ass si den Ament ganz aktiv als Oppositiounspolitikerin an huet dës Woch en vue gestallt, datt hir Partei bereet ass, e Mësstrauensvott géint d’Regierung ze stëmmen, wat zum Ofdanke vun dëser géing féieren. D’Marine Le Pen üübt also Héichdrock op d’Regierung aus, steet awer och selwer mam Réck zur Mauer.