Moiesstudio
Marie-Astrid gëtt restauréiert
5 min
Prinzessin Marie-Astrid Europa - mat deem Numm gouf dat historescht Schëff gëschter vum Tourismusminister Lex Delles gedeeft. Eng Lëtzebuerger Delegatioun war mam Minister an d’Géigend vu Köln gefuer; net fir den Optakt vum Karneval, nee - do gëtt d’Schëff nämlech grad an der Werft komplett sanéiert. De 14. Juli d’nächst Joer, wann den Europamusée zu Schengen seng Dieren nees opmécht, wäert dann och d’Prinzessin Marie-Astrid Europa als Deel vum Musée opgemaach ginn. D’Ana Angel war mat der Lëtzebuerger Delegatioun bei d’Marie-Astrid.
Presentéiert vum
- Ana Angel