Moiesstudio
Méi Fraen op fräi Posten am Staatsrot proposéieren
4 min
Den aktuell fräie Posten am Staatsrot dierft vum jonken LSAP-Member Max Leners besat ginn. Virun enger gudder Woch gouf deen 31 Joer alen Affekot vum Generalrot vu senge Parteimemberen als éischte vun dräi Kandidate gewielt, dat fir de Christophe Schiltz - och LSAP - am Conseil d’Etat ze ersetzen. Eng Fra wier ënner deenen dräi Kandidaten net dobäi gewiescht - dat sot eis d’LSAP-Presidentin Francine Closener gëschter op Nofro hin, nodeems déi gréng genee dat kritiséiert haten. Si vermëssen een Engagement bei de Parteien, fir méi Fraen op fräi Posten am Staatsrot ze proposéieren. D’Co-Parteipresidentin vun déi gréng, d’Stéphanie Empain, erkläert firwat.
Presentéiert vum
- Christiane Kleer