arrow_back_ios
Moiesstudio
Achtzeg Joer ale Bam muss plënneren
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Haut de Mueren (30.10.) géint hallwer néng ass zu Esch vill lass. En iwwer achtzeg Joer ale Bam, genee gesot eng Platan vu ronn 16 Meter Héicht, muss plënneren. Wéinst geplangte Bauaarbechten an der Lëtzebuerger Strooss gëtt de Bam fënnefhonnert Meter weider ëmgeplanzt. De Yann Ludovicy vun der Stad Esch mat Explikatiounen.
Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet
Ëmwelt