Gesondheet ass ee Mënscherecht. An de Genoss vun deem Mënscherecht komme weltwäit awer vill Leit leider net. Fir deene Mënschen dat ze erméiglechen, engagéiere sech ganz vill Associatiounen an ONGen.
Esou och d’ASBL respektiv d‘ONG Pharmaciens sans Frontières. Iwwer dës Associatioun wéi och iwwer hiren Engagement a Länner vun der sougenannter Drëtter Welt informéiert de President vun de Pharmaciens sans Frontières.